Repsold (Moundkrater)
Repsold ass en Aschlagkrater um baussenzegte westleche Rand vun der viischter Moundsäit, an ass dofir heiansdo duerch d'Libratioun net vun der Äerd aus ze gesinn oder awer staark verzunn. Hie läit um westleche Rand vum Oceanus Procellarum, südëstlech vum Krater Volta an ëstlech vum Galvani.
De westleche Rand gëtt vum Niewekrater Repsold G iwwerdeckt.
De Moundkrater Repsold an Ëmgéigend (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 51°18'36"N, 78°24'36"W |
---|---|
Duerchmiesser | 108,65 km |
Déift | 1930 m[1] |
Selenographesch Längt | 80° bei Sonnenopgank |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ03 |
De Kraterbuedem ass ziemlech flaach, ofgesinn vun engem System vu Moundrillen, den Rimae Repsold. Déi prominentest vun de Rillen duerchzitt de Krater vum Nordosten Richtung Südwesten, verleeft schréi duerch d'Repsold G an ennt am Krater Galvani. Mat sengem Brochsystem gehéiert Repsold zum Typ vum Floor-fractured crater (Klasse V).
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 51,83° N, 76,94° W | 8 km | [1] |
B | 53,07° N, 75,9° W | 45 km | [2] |
C | 48,67° N, 73,7° W | 135 km | [3] |
G | 50,55° N, 80,6° W | 44 km | [4] |
H | 51,69° N, 81,45° W | 13 km | [5] |
N | 49,04° N, 78,25° W | 15 km | [6] |
R | 49,84° N, 72,37° W | 12 km | [7] |
S | 47,75° N, 75,31° W | 9 km | [8] |
T | 47,63° N, 79,92° W | 13 km | [9] |
V | 50,79° N, 75,39° W | 7 km | [10] |
W | 52,6° N, 79,83° W | 9 km | [11] |
De Krater gouf 1935 vun der IAU nom däitschen Erfinder Johann Georg Repsold genannt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Repsold op The-Moon Wiki
Referenzen
änneren- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.