Volta (Moundkrater)

Moundkrater


De Volta ass en Aschlagkrater um extreem westleche Rand vun der viischter Moundsäit, an ass dofir wéinst der Libratioun heiansdo vun der Äerd aus net ze gesinn oder wann, da staark verzunn. E läit westlech vum Oceanus Procellarum, nërdlech vum Galvani an nordwestlech vum Repsold. De westlech Rand gëtt deelweis vum méi klenge Krater Regnault iwwerdeckt a beréiert de Rand vum Stokes. De Kraterrand ass relativ staark erodéiert.

Volta
De Moundkrater Volta lénks uewen (LROC-WAC)
Koordinaten 53°54'0"N, 84°46'12"W
Duerchmiesser 128,14 km
Déift 3580 m[1]
Selenographesch Längt 88° bei Sonnenopgank
Genannt no Alessandro Volta
Genannt am Joer 1964
Moundvéiereck LQ03
Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 54,49° N, 83,46° W7 9 km [1]
D 52,52° N, 83,03° W7 21 km [2]

De Krater gouf am Joer 1964 vun der I.A.U. nom italieenesche Physiker Alessandro Volta genannt.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.