Schleis vun Ampsin-La Neuville

D'Schleis vun Ampsin-Neuville an der Belsch ass eng Staustuf mat 2 Schleisen op der Meuse déi tëscht 1955 an 1960 gebaut gouf. Tëscht 2018 an 2022 gouf déi kleng Schleis op 225 × 25 Meter vergréissert.[1][2].

D'Schleis bestoung am Ufank aus enger grousser Schleisekummer fir Schëffer vun der Klass IV (136 × 16), an aus enger klenger Schleisekummer vu 55 × 7 Meter. Den Héichtenënnerscheed ass 4,70 Meter. De Waasserniveau am ieweschte Schleisebaseng läit bei 69,15 Meter. Wéi och déi aner Schleisen op der ieweschter Meuse an der Belsch an op der mëttelser Meuse ass se mat enger Fëschleeder ekipéiert.

Am Kader fir d'Meuse fir Schëffer aus der Klass VIb (bis 9.000 Tonnen) bis op Namur, schëffbar ze maachen, gouf an enger éischer Phas déi kleng Schleis op 225 × 25 Meter vergréissert an ass 2022 a Betrib gaangen. [3]. Déi grouss soll bis 2023 ëmgebaut sinn.

Nopeschschleisen änneren

Geschichtleches änneren

D'Geschicht vun de Meuseschleise geet op d'Joer 1853 zeréck. Deemools gouf ugefaangen d'Meuse ze kanaliséieren, an d'Aarbechte goufen 1897 ofgeschloss, andeems déi dräi Schleisen op der ieweschter belscher Meuse duerch gemëschte Barragen ersat goufen.

Op der Lécker Meuse d. h. vun Namur un no ënne bis op Léck gekuckt gouf et keng zoue Schleise mat Schleisekummeren sou wéi mer se haut kennen. Do stoungen iwwerall Schleisen do nom sougenannte Poiréesystem funktionéiert hunn. (fr:barrage à aiguilles).

Déi éischt Schleisen déi nieft deene sougenannte barrages à aiguilles gebaut goufen, ware 56,7 × 9 Meter grouss. Duerno gouf decidéiert fir d'Schleisen op der ieweschter Meuse op 100 × 12 ze vergréisseren. Vu Léck erop bis op Ben-Ahin goufen iwwerall Schleise vun 136 × 16 Meter bäigeprafft.

Vun 1922 un, an duerno besonnesch no der grousser Iwwerschwemmung vun 1926, gouf Damp gemaach fir d'Meuse frësch ze kanaliséieren. D'Zil war, datt Schëffer bis 2.000 Tonnen op deem Deel vun der Meuse kéinte fueren, an anengems d'Iwwerschwemmungsgefor ze reduzéieren. Sou goufe vun 1928 un nei Barrage mat Schleisen ugeluecht, an zwar d'Monsin-Wier beim Hafe vu Léck mat der Monsin-Schleis op der anerer Säit vum Hafen, d'Staustuf vun Andenne-Seille, déi vun Ivoz-Ramet, an 1960 zu gudder Lescht déi vun Ampsin-La Neuville.

Referenzen änneren

  1. rtbf.be: L’écluse d’Ampsin-Neuville officiellement ouverte à la navigation (18. Januar 2022)
  2. <wallonie.be: Mise en service de la nouvelle écluse moyenne d'Ampsin-Neuville (18. Januar 2022)
  3. Informatioun vun der Région Wallonne gekuckt de 27.03.2011