D'Regierung Servais war vum 3. Dezember 1867 bis de 26. Dezember 1874 am Amt. Si gouf véiermol ëmgebilt.

Den Emmanuel Servais, Staatsminister vun 1867 bis 1874

Zesummesetzung vun der Regierung

änneren

Vum 3. Dezember 1867 bis den 30. September 1869

änneren

Nodeems de Victor de Tornaco[1] an de Félix de Blochausen[2] aus der vireger Regierung demissionéiert haten an et an där zum Schluss just dräi Generaladministratioune gouf, kënnt mam Arrêté royal grand-ducal vum 3. Dezember 1867 nees eng véiert derbäi[3]:

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Milice et affaires militaires, Cultes, Fêtes et cérémonies publiques, Chemins de fer, Télégraphes
  2. Affaires communales, dozou gehéiert ë. a. och: Administration forestière, Instruction primaire, écoles normales, Voirie vicinale, Mines, Bienfaisance publique
  3. Justice, dozou gehéiert ë. a. och: Police générale, service de la gendarmerie, Presse, Service sanitaire, Travaux publics, Machines à vapeur
  4. Finances, dozou gehéiert ë. a. och: Contributions directes, accises, cadastre, régie du sel, poids et mesures, Caisse d'épargne, Enregistrement et domaines, Douanes, Assurances, Sciences et arts, Instruction supérieure et moyenne, Postes et messageries.

D'Regierung ass ënnert dem neie Staatsminister Emmanuel Servais esou opgestallt[3]:

Vum 30. September 1869 bis den 12. Oktober 1869

änneren

Wéi de Colnet d'Huart am September 1869 demissionéiert huet, gëtt säi Portefeuille provisoresch vum Servais iwwerholl[6].

Vum 12. Oktober 1869 bis de 7. Februar 1870

änneren

De Georges Ulveling gëtt als neie Generaldirekter fir d'Finanzen ernannt an et gëtt e puer Upassunge wat d'Ressorten an der Regierung ugeet[7]:

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Milice et affaires militaires, Cultes, Fêtes et cérémonies publiques, Chemins de fer, an neierdengs och: Instruction supérieure et moyenne, Sciences et arts (virdun an der Finanzdirektioun)
  2. Affaires communales, dozou gehéiert ë. a. och: Administration forestière, Instruction primaire, écoles normales, Voirie vicinale, Mines, Bienfaisance publique
  3. Justice, dozou gehéiert ë. a. och: Police générale, service de la gendarmerie, Presse, Service sanitaire, Travaux publics, Machines à vapeur
  4. Finances, dozou gehéiert ë. a. och: Contributions directes, accises, cadastre, régie du sel, poids et mesures, Caisse d'épargne, Enregistrement et domaines, Douanes, Assurances, Postes et messageries an neierdengs och: Télégraphes

D'Regierungsekipp besteet aus:

Vum 7. Februar 1870 bis de 25. Mee 1873

änneren

Den Thilges gëtt säi Mandat als Generaldirekter fir d'Gemengenaffären op a gëtt mam Nicolas Salentiny ersat, deen deselwechte Ressort iwwerhëlt (just den Numm ännert vun Affaires communales op Intérieur)[9].

Vum 25. Mee 1873 bis de 26. Dezember 1874

änneren

Den Ulveling demissionéiert an der Regierung[10] fir President vum Verwaltungsrot vun der Banque nationale ze ginn. Hie gëtt als Generaldirekter fir d'Finanze mam de Roebe ersat[11]:

Op Stiefesdag 1874 gëtt d'Regierung opgeléist, well de Staatsminister Servais an de Vannerus demissionéieren[12][13].

Politesch Entwécklung

änneren

Aussepolitik

änneren

Den Emmanuel Servais iwwerhëlt d'Regierungsgeschäfter an engem schwéieren Ament. Seng Regierung muss d'Bestëmmunge vum Traité vu London ëmsetzen an d'Käschten droen. Op der éischter Plaz steet d'Schleefe vun der Festung iwwer eng Fläch vun 177,21 Hektar. D'Ofrappaarbechten déi bis 1883 daueren, kaschte knapp 1,8 Millioune Frang. De Verkaf vun Terraine geet net duer fir d'Käschten ze decken an de Staatsbudget gëtt schwéier belaascht.

1870 brécht de Franséisch-Preisesche Krich aus an d'Neutralitéit vum Lëtzebuerger Land ass menacéiert. D'Bevëlkerung ass gréisstendeels pro-franséisch agestallt an den Otto von Bismarck fënnt, datt d'lëtzebuergesch Regierung hir Neutralitéit verletzt hätt. Hien erkläert, datt Däitschland sech – wat déi däitsch militäresch Operatiounen ugeet – net méi un den neutrale Statut vum Groussherzogtum gebonne fillt.

De Servais hëlt dem Bismarck seng Bedroung iwwer eng bevirstoend Besetzung eescht a schéckt e Rapport an deem en all Reprochë widderleet op Berlin an un all Signataire vum Londoner Traité. Doropshi gëtt Däitschland no a fuerdert just – no der Victoire iwwer den Napoleon III. – fir d'Kontroll iwwer déi lëtzebuergesch Eisebunn z'iwwerhuelen. Déi franséisch Compagnie des chemins de fer de l'Est gëtt d'Exploitatioun vum Lëtzebuerger Reseau un d'Däitscht Räich of, ouni datt d'lëtzebueregsch Regierung consultéiert gouf. D'Regierung Servais wiert sech dergéint, awer ouni Erfolleg. Däitschland hëlt den Zollveräin als Drockmëttel, sou datt d'Regierung den 11. Juni 1872 en Eisebunnsofkommes ënnerschreift.

Innepolitik

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ekonomie

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 3 décembre 1867 accordant au baron V. de Tornaco démission honorable de ses fonctions de Ministre d'Etat, Président du Gouvernement. data.legilux.public.lu (03.12.1867). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  2. (fr)Arrête royal grand-ducal du 3 décembre 1867 accordant au baron Félix de Blochausen démission honorable de ses fonctions de Directeur-général de l'intérieur. data.legilux.public.lu (03.12.1867). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  3. 3,0 3,1 (fr)Arrêté royal grand-ducal du 3 décembre 1867 portant répartition des services publics. data.legilux.public.lu (03.12.1867). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  4. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 3 décembre 1867 portant nomination des Sieurs Ed. Thilges et H. Vannerus aux fonctions de Directeur-général. data.legilux.public.lu (03.12.1867). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  5. 5,0 5,1 (fr)Arrêté royal grand-ducal du 3 décembre 1867 portant nomination des Sieurs Ed. Thilges et H. Vannerus aux fonctions de Directeur-général. data.legilux.public.lu (03.12.1867). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  6. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 30 septembre 1869 relatif à la démission du Directeur-général des finances. data.legilux.public.lu (30.09.1869). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  7. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 12 octobre 1869, par lequel est modifiée la répartition des services publics. data.legilux.public.lu (12.10.1869). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  8. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 12 octobre 1869 portant nomination du Sieur G. Ulveling aux fonctions de Directeur-général des finances. data.legilux.public.lu (12.10.1869). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  9. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 7 février 1870, concernant la composition du Gouvernement. data.legilux.public.lu (07.02.1870). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  10. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 25 mai 1873 accordant à M. Ulveling démission de ses fonctions de directeur général des finances. data.legilux.public.lu (25.05.1873). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  11. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 25 mai 1873 nommant provisoirement le Sieur de Roebé à la Direction générale des finances. data.legilux.public.lu (25.05.1873). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  12. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 décembre 1874 qui accorde à M. Servais démission honorable de ses fonctions de Ministre d'État, Président du Gouvernement. data.legilux.public.lu (26.12.1874). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  13. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 décembre 1874 qui accorde à M. Vannerus démission honorable de ses fonctions de Directeur général de la justice. data.legilux.public.lu (26.12.1874). Gekuckt de(n) 25.11.2023.