D'Ranger 4 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Et war déi véiert Sond am Kader vum Ranger-Programm fir d'Erfuersche vum Äerdmound a wéi hir Virgänger, am sougenannte Block-II-Design gebaut mat enger Mass vun 331 Kilogramm. D'Zil vun der Missioun war et fir Biller vun der Uewerfläch vum Mound ze maachen an op d'Äerd ze schécken. Datt sollt an de leschten zéng Minutte virum Moundopschlag geschéien. Zousätzlech sollt kuerz virum Opprall eng Kapsel ausgestouss ginn, déi seismesch Ënnersich vum Mound sollt maachen.

Ranger 4
Ranger 4
Missioun Fotograféiere vum Äerdmound
COSPAR-Bezeechnung 1962-012A
Drorrakéit Atlas Agena-B
Optrag vun der NASA
Startmass 331 kg
Start 23. Abrëll 1962
Startplaz CCAFC LC-12
Enn 26. Abrëll 1962

D'Missioun änneren

D'Ranger 4 war den 23. Abrëll 1962 vun der Startramp LC-12 op der Cape Canaveral Air Force Station u Bord vun enger Atlas-Agena-B-Rakéit gestart ginn.

Nom erfollegräiche Start hat d'Sond Kurs op de Mound geholl. Leider huet d'Sond awer net op d'Funksignaler reagéiert, well en Timer fir d'Steierung vum Bordcomputer ausgefall war, sou datt bestëmmt Manöveren net gestart oder ausgefouert konnte ginn. D'Sond war an d'Tierkele geroden an huet sech net méi stabiliséiere gelooss. No enger gewësser Zäit ass dunn och nach d'Stroumversuergung ofgebrach, well d'Batterien eidel waren a sech d'Solarpanéilen net opgefaalt haten. De 26. Abrëll 1962 ass Ranger 4 um Mound opgeschloen an a Stécker gefuer.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren