D'Ramm, och Grousse Kueb genannt (Corvus corax), ass e Vull vun der Gattung Kueben (Corvus), bannent der Famill vun de Kuebevullen (Corvidae).

Ramm
Ramm, Grousse Kueb

Ramm, Grousse Kueb
Ramm, Grousse Kueb
Aner Sproochen: de.: Kolkrabe;
fr.: Grand corbeau
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Famill: Kuebevullen (Corvidae)
Gattung: Kueben (Corvus)
Wëssenschaftlechen Numm
Corvus corax
Verbreedung
Kreesch
En Ee

Et ass déi bei wäitem gréisst Kuebenaart.

Wéi déi meescht Kuebe sinn d'Rammen Allesfrësser an Aasfrësser.

D'Déiere ginn no ronn 3 Joer geschlechtsräif; si liewen a feste Koppelen zesummen.

D'Eeër ginn Enn Februar/uganks Mäerz geluecht. Et sinn hirer dräi bis sechs, déi hellgréng mat groelzeg-olivbrongen Tëppelen sinn. Se si relativ kleng, 49,3 mm × 33,1 mm a weien ëm déi 27 g. No 19 bis 21  Deeg si s'ausgebréit, an déi kleng komme plakeg a blann op d'Welt. Si ginn ëm déi 6 Woche laang vun den Eltere gefiddert, a fléien dann Enn Abrëll/uganks Mee aus dem Nascht fort. Si siche sech dann an engem Ëmkrees vu bis zu 200 km en neit Revéier.

Ramme kënnen iwwer 20 Joer al ginn, wa se gefaange sinn alt iwwer 40, wéi dat bei enger vun de Ramme vum Tower of London de Fall war.

Wéinst hirer Intelligenz an hirer Fäegkeet, ze léieren, sinn d'Rammen en heefegt Theema an der Mythologie an a Legendenen a Seeërcher, wéi och an der Literatur an an der Dichtung.

Literatur änneren

  • U. N. Glutz v. Blotzheim, K. M. Bauer: Handbuch der Vögel Mitteleuropas. Bd. 13, Teil III, AULA-Verlag, Wiesbaden 1993, S. 1947–2022, ISBN 3-89104-460-7.
  • Lars Svensson, Peter J. Grant, Killian Mullarney, Dan Zetterström: Der neue Kosmos Vogelführer. Kosmos, Stuttgart 1999, S. 336–337. ISBN 3-440-07720-9.

Um Spaweck änneren

Commons: Rammen – Biller, Videoen oder Audiodateien