Ramme vum Tower of London

Déi sougenannt Tower-Rammen (Tower's Ravens) sinn op d'mannst sechs Rammen, déi am Tower of London gehale ginn.

Tower-Rammen

Geschicht änneren

Der Legend no wier dat schonn zanter Joerhonnerten de Fall, datt déi Déieren do gehale géifen. Éischt schrëftlech Referenze gëtt et awer eréischt zanter dem spéiden 19. Joerhonnert. Iwwer d'Jore koumen ëmmer méi Legende ronderëm déi Vigel op.

Sou hätt z. B. den Charles II. den Uerder ginn, déi Vigel doutzemaachen, well se dem Astronom John Flamsteed säin Teleskop verknascht hätten. Wéi en awer erzielt krut, de White Tower, d'Monarchie an dat ganzt Kinnekräich géife verschwannen, wann d'Ramme jee den Tower verloosse géifen, huet en dat nees zeréckgezunn.

D'Rammen haut änneren

 
De Jubilee an d'Munin (Abrëll 2016)

Fir datt se net fortfléien, kruten d'Vigel d'Flilleke méi kuerz gemaach. Dat stéiert hir Balance, sou datt se keng wäit Distanz méi fléie kënnen. Et gëtt e Ravenmaster ("Rammemeeschter"), dee vun de Yeomen Warders delegéiert gëtt. Se gi mat frëschem Fleesch gefiddert, dat vum Smithfield Market, net wäit ewech, hierkënnt.

Bis Oktober 2008 gouf et sechs Tower-Rammen, jee dräi Frächen (Hugine, Munin a Branwen) a Männercher (Gwyllum, Thor a Baldrick). Am Oktober 2008 koume 4 neier derbäi, de Gundulf, de Bran an de Colin, souwéi ee Weibchen, d'Fleur.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ramme vum Tower of London – Biller, Videoen oder Audiodateien