Radio Ara

(Virugeleet vu(n) Radio ARA)

Radio Ara ass e Radiossender zu Lëtzebuerg, deen zanter dem 6. Dezember 1992 vum Atelier Radio Alter Echos op de Frequenzen 102,9 an 105,2 MHz ausgestraalt gëtt.

Den ale Sëtz vu Radio ARA an der Fleeschierstrooss

Geschicht änneren

De Virgängersender vum Radio Ara war de Radio Grénge Fluesfénkelchen, deen 1981 vun e puer lëtzebuergesche Veräiner an Eenzelpersounen gegrënnt gouf. Well zu där Zäit zu Lëtzebuerg d'Frequenzen nach net liberaliséiert waren huet de Sender vun Arel aus gesent. Déi éischt lëtzebuergesch Sendunge konnt ee mëttwochs owes vun 20:15 bis 22:30 héieren.

De 14. Mäerz 1986 huet de Sender Arel verlooss fir zu Lëtzebuerg de Sender RadAU ze grënnen. De Studio war deemools zu Zolwer. 1987 huet déi lëtzebuergesch Regierung probéiert déi illegal Senderen zouzemaachen (net nëmmen de Sender RadAU), wat awer net gelongen ass. Dowéinst huet d'Regierung am Joer 1992 de konträre Wee ageschloen an der Zeen vun de Piratesender d'Méiglechkeet gi legal ze senden, andeems se nei Radiosfrequenzen verginn huet. Schonn den 18. Mee krut de Radio ARA, deen aus dem Radio RadAU entstanen ass, d'Lizenz fir ze Senden. Den 21. Juli 1992 krut en zwou vun de fënnef Frequenzen déi zur Dispositioun stoungen (103,3 an 102,2 MHz). Déi aner Frequenze krut de Radio Latina, den DNR an den Eldoradio zougedeelt.

Den Haaptsender vum Radio steet haut zu Lëtzebuerg um Kierchbierg op engem Héichhaus. Ausserdeem sinn nach e puer Relais-Statiounen iwwer d'Land verdeelt. De Radio benotzt hautdesdaags d'Frequenz 102,9 MHz an deene meeschte Géigende vum Land. Nëmmen am Beräich vun der Nordstad an zu Iechternach bleift nach d'Frequenz 105,2 MHz.[1]

De Studio war ufanks an der Stad an der Fleeschiergaass. De 15. Juli 2015 gouf en neie Studio an de renovéierte Rotonden a Betrib geholl.[1]

Den 22. September 2012 war an der Escher Kulturfabrik eng Gebuertsdagsfeier fir 20 Joer Radio Ara.[2]

Struktur änneren

Atelier Radio Alter Echos ass en Zesummeschloss vu ronn 20 alternativen Associatiounen, wéi der ASTM, dem Mouvement écologique, dem Folk-Clupp Lëtzebuerg, dem Jazz Club an Eenzelpersounen, dorënner de Robert Garcia.

Programm änneren

No senger eegener Definitioun bitt Radio Ara en alternativen, multikulturellen a participative Radiosprogramm a verschidde Sproochen.

Am Joer 2000 gouf en anglophone Mueresprogramm ënner dem Numm ARACityradio agefouert.

Zanter 1992 huet d'Associatioun 'Graffiti d'Jugendsendungen um Radio ARA' d'Charge fir de Jugendprogramm wiertes nomëttes. Säit 2004 gëtt et eng Konventioun mam Familljeministère, déi et Graffiti erlaabt huet, zwou Sozialpedagoginnen anzestellen, déi déi Jugendlech betreien.[3]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 4.900 Leit iwwer 12 Joer Radio Ara gelauschtert.[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Radio ARA... und ARACity- Radio sind umgezogen Luxemburger Wort vum 18. Juni 2015, S. 26
  2. Radio Ara zanter 20 Joer op Sendung
  3. Graffiti asbl: Pädagogisches Konzept Gearchiveerd op 2012-11-13. Gekuckt de(n) 2012-11-04.
  4. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.