RR Pictoris
Den RR Pictoris och Nova Pictoris 1925 war eng Nova, déi de 25. Mee 1925 am Stärebild Pictor vum R. Watson vu Beaufort West a Südafrika entdeckt gouf. Den RR Pictoris hat eng Hellegkeet vun 1,2 mag erreecht. D'Hellegkeet vum RR Pictoris hat an 150 Deeg ëm 3 mag ofgeholl. Haut huet RR Pictoris nëmmen nach 9 mag.
Den Nummdeel "RR" follegt de Reegelen iwwer d'Benennung vu verännerleche Stären a seet, datt RR Pictoris den zéngte verännerleche Stär ass, deen am Stärebild Pictor entdeckt gouf.
Koordinaten
änneren- Rektaszensioun: 06h 35m 36s.25
- Deklinatioun: -62° 38' 22".0