De Rësser ass e forstwirtschaftlecht Handwierksgeschier dat et an zwou Versioune gëtt.

Ee Bamrësser
Zwéi Lourësser

Engersäits ass et e klengt Geschier fir Beem ze markéieren, besonnesch vu schwaachem Holz bei éischten Erdënnerungen. Dee Rësser gëtt och gebraucht fir beim Opmoossen d'Meteren ze makéieren, an och déi Plaz wou e Bam dee läit eventuell nach eng Kéier soll duerchgeschnidde ginn. An deem Fall ass de Rësser fest um deem Geschier dat e Räissmeter oder eng Klupp ka sinn, festgemaach.

Anerersäits ass et en eisene Kramp, deen de laange Wee duerch d'Schuel vum Eechestamm gezunn gëtt, fir dann an enger zweeter Etapp mam Louschlëssel ënnert Schuel ze kommen a sou d'Lou ze schläissen.