Eng Klupp ass en Instrument dat an der Forstwirtschaft gebraucht gëtt fir Duerchmiessere vu Ronnholz (Beem) ze moossen. Wann d'Holz um Buedem läit gëtt den Duerchmiesser op der Mëtt gemooss an de Volume gëtt mat der Zylinderformel gerechent. Wann de Bam nach do steet gëtt op Broschthéicht gemooss an de Volume gëtt meeschtens aus Tabellen erausgelies déi fir verschidden Holzaarten a Standuerter opgestallt sinn. D'Basis vun der Rechnung ass awer d'Formel fir e Kegel auszerechnen. Well déi Miessungen net sou honnertprozenteg genee sinn a vun der Déckt vun der Schuel ofhänke kënne sinn do Toleranze virgesinn. Déi Toleranze sinn an EU Bestëmmungen iwwer den Handel vum Holz an Europa festgeluecht.

Verschidde Kluppen
Beispill vum Moosse bei engem Bam deen nach steet.

Et ënnerscheet een hautdesdaags tëscht mechaneschen an elektronesche Kluppen

Mechanesch Kluppe gläichen engem grousse Pied à coulisse. Elektronesch Kluppen erméiglechen eng elektronesch Miessung a Späicherung vun de Miessdaten fir datt déi digital kënne weiderverschafft ginn. Do gëtt et verschidde Bauformen déi awer méi oder wéineger der mechanescher Klupp gläichen.

De 27. Juni 1986 huet den Deputéierte François Colling am CEPS/INSTEAD zu Walfer, a Presenz vum Minister Robert Krieps, déi weltwäit éischt elektronesch Klupp virgestallt. Den 30. Juni 1986 konnt een am Luxemburger Wort liesen "Welt-Erstvorstellung eines Luxemburger Produktes: Selbstregistrierende Meßkluppe, eine Erfindung von Pierre Schram". De Pierre Schram war Forstingenieur a Chef vum Aménagement forestier bei der Lëtzebuerger Forstverwaltung. Leider konnt deemools kee Partner fir d'Vermaartung fonnt ginn, sou datt et fir Lëtzebuerg beim Prototyp bliwwen ass. Ausganks der 1990er Jore koumen an Däitschland déi éischt elektronesch Kluppen op de Maart, an no an no huet sech an der Holzindustrie d'digital Holzvermiessung installéiert.