D'Réierbaach ass eng Baach am franséischen Departement Meurthe-et-Moselle an an der Gemeng Déifferdeng, déi hir Quell op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz um Nordhank vun der Côte Rouge op enger Héicht vu ronn 350 m tëscht Héiseng, an dem Lieu-dit Baache Jang zu Uewerkuer huet.

Réierbaach zu Zowaasch

Si leeft vun do aus no Norden, laanscht Zowaasch bis op Saulnes, wou se no Westen dréint, an Direktioun Herserange. Bis op Saulnes mécht se op enger Streck vu ronn 5 km d'Grenz tëscht Lëtzebuerg a Frankräich, a leeft op enger Streck vun e puer Honnert Meter ganz op Lëtzebuerger Territoire.

Vu Saulnes un ass se zu engem groussen Deel kanaliséiert an am Buedem verstoppt. Op der Héicht vum Lieu-dit Les Quatre Vents leeft se an d'Moulaine, mat där da weider an d'Kuer.

Op der topographescher Kaart vum Lëtzebuerger Kadaster ass se erëmzefannen ënner dem Numm Réierbaach/Crosnière. Op franséischen a belsche Kaarten huet se den Numm Ruisseau de la Côte Rouge. Ënner deem Numm gëtt se och a Frankräich vum SANDRE, mat dem Code B4010460 gefouert. Si ass am Ganzen eppes iwwer 7 km laang, dovu 6,8 km op franséischem Terrain, d'Grenz matgerechent.

Als Niewefloss vun der Kuer ass et domat ee vun de lëtzebuergesche Waasserleef deen net zum Baseng vum Rhäin, mä zu deem vun der Meuse gehéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Réierbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien