Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Feldweeër zu Lëtzebuerg, si wéi den Numm et seet e Weeër déi iwwer oder laanscht Felder a Wise féieren. Zu de Feldweeër gehéieren och nach d'Weeër déi duerch d'Wéngerte féieren. Si kënnen do wou den Ënnergrond et erlaabt um réie Buedem sinn, dacks sinn s'einfach mat engem Schlaken- oder Steegemësch (meeschtens Kaliber 0/50) befestegt dat da mat méi rengem Material ofgedeckt gëtt (0/20). Feldweeër déi vill befuer ginn, si macadamiséiert a godronéiert oder mat engem anere Stroossebelag ofgedeckt.

E Feldwee
En net offiziellt Schëld fir e Feldwee unzeweisen

Wéinst Sturkäppegkeet vu verschiddene Proprietären déi gefaart hu se géifen ze vill Land verléieren, déi kee Land wollte mam Noper tauschen, oder hir Felder net wollten an zwee deelen, hu Feldweeër dacks e kropelege Verlaf. Dat kënnt hautdesdaags beim Uleeë vun neie Weeër net méi sou dacks fir, well déi meeschtens am Kader vun engem landwirtschaftleche Remembrement gebaut ginn bei deem d'Aarbechte vun engem Staatleche Service dem Office national du remenbrement dacks einfach de Remembrement genannt, iwwerwaacht a koordinéiert ginn.

Feldweeër sinn dacks d'Proprietéit vu Weesyndikater oder a Privatbesëtz.

Um Spaweck änneren

Commons: Feldweeër – Biller, Videoen oder Audiodateien