De Prix de Raville war e Lëtzebuerger Konschtpräis deen tëscht 1987 an 2007 existéiert huet. E gouf all zwee Joer un een oder méi Lëtzebuerger Konschtschafent verginn, deenen hir Wierker um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt waren. De Prix de Raville gouf ofwiesselnd mam Prix Pierre-Werner verginn.

De Präis ass 1987 vun der UCL-Bank an d'Liewe geruff ginn, a krut den Numm "Raville" well d'Bank am Haiserkomplex Raville an der Stad war. Nodeem d'Dresdner Bank 1997 zwee vun den Haiser am Raville-Komplex vun der UCL-Bank ofkaaft hat, huet si och d'Stëftung vum Prix de Raville mat iwwerholl.

D'Krittäre fir de Präis waren eng héich Qualitéit an Individualitéit vun engem Wierk dat méiglechst onofhängeg vun auslännesche Konschtstréimungen an Aflëss sollt sinn.

Um Salon 2007 - Luxembourg et Grande Région deen am Kader vu "Lëtzebuerg a Groussregioun, europäesch Kulturhaaptstad 2007" organiséiert gouf, war de Prix de Raville ausnamsweis fir e lëtzebuergesche Konschtschafenden, a säin Invitée aus der Groussregioun virgesinn. Bei där Geleeënheet huet d'Dresdner Bank de Betrag vum Prix de Raville, dee sech déi zwéi Konschtschafent gedeelt hunn, verduebelt.

Laureaten änneren

Kuckt och änneren

Aner Konschtpräiser vum CAL änneren

Um Spaweck änneren