Jhemp Bastin
De Jhemp (Jean-Paul) Bastin, gebuer de 24. Mee 1963 zu Ettelbréck[1], ass e lëtzebuergesche Sculpteur.
Jhemp Bastin | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
24. Mee 1963 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
LiewenÄnneren
De Jhemp Bastin huet op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel an op der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis studéiert.
Nodeem hien eng kuerz Zäit am Stol geschafft huet, huet e sech op hëlze Skulpture spezialiséiert, déi hie mat enger Kettesee beaarbecht. Hie schafft haaptsächlech am Eechen- an am Bichenholz. Déi schwaarz Fierwung u senge Skulpturen ass verkuelten Holz, dat mat Hëllef vun engem Schweessbrenner entsteet.
Am Kader vum Kulturjoer 2007 huet de Jemp Bastin beim Projet hArt an der grenze matgemaach. Säi Bäitrag war eng Skulptur aus Eechenholz mam Titel Topograpie I, déi bei Ënnereesbech um Lieu-dit "Kaendel" op der lëtzebuergesch-däitscher Grenz an der Our stoung.
De Jhemp Bastin lieft a schafft zu Bidscht.
Perséinlech Ausstellungen[2]Änneren
2001Änneren
- Galerie du Théâtre, Esch-Uelzecht
- Galerie et Centre de Création B/C2, Beetebuerg
2002Änneren
- Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg
2004Änneren
- Galeria d'art contemporani Maria Villalba i Badia, Barcelona
2005Änneren
- Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg
2006Änneren
- Galerie les Vergers de l'Art, Paräis
2007Änneren
- Galerie du Château de Bourglinster, Buerglënster
- hArt an der Grenze – art sur la frontière, Ënnereesbech
2008Änneren
2009Änneren
- International sculpture triennial, Poznań
- Galerie Schlassgoart, Esch-Uelzecht
2010Änneren
- Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg
2011Änneren
- BGL BNP Paribas a CAL, (Danielle Grosbusch - Pascal Piron - Jhemp Bastin), Stad Lëtzebuerg
2012Änneren
- Galerie Chantal Bamberger, Stroossbuerg
- Skulpturenweg am Erbeskopf, Rheinland-Pfalz
2013Änneren
- Jhemp Bastin, Sculptures, Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg
Auszeechnungen a PräisserÄnneren
- 1995, um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg, krut hien zesumme mat der Barbara Wagner, de Prix d'encouragement aux jeunes artistes.
- 1995, Prix de la Biennale des Jeunes zu Esch-Uelzecht
- 2001, gouf hien um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix de Raville vun der Dresdner Bank ausgezeechent.
- 2001, Prix du Club 51 Bassin Minier
- 2008, Prix du Public de la 4e Biennale d'art contemporain, Marcigny
LiteraturÄnneren
- Herr, Lambert, 2010. Jhemp Bastin. [Mat engem Viwuert vum André Simoncini ] ISBN 978-2-87963-776-1
- Salm-Salm, Marie-Amélie zu, 2005. Jhemp Bastin: sculptures 2000-2004. ISBN 2-87996-845-3
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Jhemp Bastin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
BillergalerieÄnneren
- Wierker aus 'Jhemp Bastin, Sculptures', Galerie Simoncini, 2013
ReferenzenÄnneren
- ↑ Katalog Salon 2001, Cercle artistique de Luxembourg, S. 36
- ↑ Curriculum op 4art.lu