Luc Ewen
De Luc Ewen, gebuer den 13. Mäerz 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Fotograf.
Luc Ewen | |
---|---|
Gebuer |
13. Mäerz 1959 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
Hien huet an der École des arts et métiers an der Stad d'graphesch Sektioun gemaach an dunn um INEP zu Marly-le-Roy Fotografie studéiert.
Ausstellungen
änneren- 1992: Galerie Nei Liicht, Diddeleng
- 2002: BC/2 Galerie, Beetebuerg
- 2005: Polaphages, Centre international de recherches culturelles (Cirk), Annonay (F)
- 2007: vum 1. Mee bis den 2. September: Skvozniak Chronologie einer Schmuggelmaschine, am fréieren Douaneshäischen op der Bréck vu Stolzebuerg am Kader vum Projet "hArt an der Grenze"
- 2008: "Lieux urbains" an der Galerie Schlassgoart zu Esch-Uelzecht
- Am November 2009 an der Galerie op der Kap zesumme mat der Molerin Renée Oberlinkels an dem Sculpteur Sergio Sardelli
Publikatiounen
änneren- De Nymphis, Sylphis, Pygmaeis et Salamandribus (Galerie Nei Liicht)
- Polaphages Cirk, Annonay (F)
- Skvozniak, e Fotoroman. 2007. Limitéiert Oplo 30 Stéck. Virgestallt gëtt d'Schmuggelmaschinn "Skvozniak SK1" mat integréiertem Niwwelgenerator, eng Maschinn, déi fir militäresch Zwecker a Russland entworf gouf, dunn am Chaos vun der Nokrichszäit mam russesche Generol Vladimir Petroiwitch an d'Ländche koum an zu Weiler (Lëtzebuerg) an der Fabrick vun de Bridder Bastin produzéiert gouf.
Gielercher
ännerenLiteratur
änneren- Marc Theis, Elisabeth Vermast: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, 1995, S. 84 - S. 85
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Tortuga 5
- De Luc Ewen op der Websäit 4art.lu (fr)
- De Luc Ewen op der Websäit vum Cercle Artistique de Luxembourg