Prix Émile et Aline Mayrisch

De Prix Émile et Aline Mayrisch ass e lëtzebuergesche Präis fir verdéngschtvoll Publikatiounen aus dem historeschen, politeschen, ekonomeschen, sozialen, oder kulturelle Beräich, déi d'Versteesdemech tëscht den europäescher Vëlker fërderen. E gëtt all véier Joer vum Cercle des amis de Colpach ënner dem Patronage vum Kulturministère verginn. De Präis gëtt vun ArcelorMittal gestëft an ass am Ganze mat 14.000 Euro dotéiert: 10.000 Euro fir den Haaptpräis a 4.000 Euro fir den Nowuesspräis.[1]

Eligibel si Fuerscher, Studenten, Journalisten a Schrëftsteller, déi zu Lëtzebuerg oder an den Nopeschlänner wunnen a mindestens 24 Joer al sinn.[1]

De Präis erënnert un den Émile Mayrisch a u seng Fra, d'Aline de Saint-Hubert.

Editiounen änneren

1. Editioun (2007) änneren

Fir d'éischte Kéier gouf de Präis de 17. Oktober 2007 verginn, am Kader vun der Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 2007. D'Jury gouf vun der Annette Schwall-Lacroix, Presidentin vum Cercle des amis de Colpach, an dem Joseph Kinsch, President vum Verwaltungsrot vun Arcelor, presidéiert.[2]

De Gewënner vum "Premier Prix" war de Charles Barthel fir "Bras de fer. Les maîtres de forges luxembourgeois entre les débuts difficiles de l'UEBL et le Locarno sidérurgique des cartels internationaux. 1918-1929."

De "Prix d'Encouragement" ass un de Guido Müller gaange fir "Europäische Gesellschaftsbeziehungen nach dem Ersten Weltkrieg. Das Deutsch-Franzöisische Studienkomitee und der europäische Kulturbund".

D'Annika Wilkmers krut eng "Mention spéciale" fir "Pazifismus in der Frauenbewegung 1914-1920. Handlungsspielräume, politische Konzeptionen und gesellschaftliche Auseinandersetzungen.[3]

2. Editioun (2011) änneren

Fir déi zweet Editioun ware ronn 20 Wierker aus Lëtzebuerg an den dräi Nopeschlänner agereecht ginn.[4]

De Gewënner vun der zweeter Editioun war den Ulrich Lappenküper fir "François Mitterrand und Deutschland 1916-1996. Eine enträtselte Sphinx."

D'Claudia Hiepel krut de Prix d'encouragement fir hiert Wierk "Willy Brandt und Georges Pompidou. Deutsch-französische Europapolitik und Europakonzeptionen 1969-1974."

3. Editioun (2015) änneren

D'Zeremonie vun der drëtter Editioun (2015) war den 20. Januar 2016 an der Abtei Neimënster.[5] De Präis gouf vum Cercle des amis de Colpach an Zesummenaarbecht mat dem Nationalarchiv, dem Institut Pierre-Werner an ArcelorMittal ënner dem héije Patronage vum Kulturministär verginn.[6]

De Professer Wilfried Loth gouf fir säi Buch Europas Einigung. Eine unvollendete Geschichte präisgekréint.

4. Editioun (2019) änneren

D'Remise vun der véierter Editioun vum Präis (2019) war den 29. Januar 2020. Laureat war de Paul Feltes fir "Le Luxembourg, l'Europe et les cartels internationaux de l'acier (1929-1939). Entre concurrence coupe-gorge et marché régulé."[7]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 colpach.lu: Règlement du Prix Aline et Émile Mayrisch (archivéiert den 28. Januar 2020)
  2. agefi.lu: Prix Emile et Aline Mayrisch : appel aux candidatures (net datéiert)
  3. colpach.lu: La 1 re édition du Prix Mayrisch en 2007: (archivéiert de 14. Januar 2017)
  4. tageblatt.lu: Wege aus der Krise vum Desislava Schengen (26. November 2011)
  5. gouvernement.lu: Guy Arendt remet le Prix Emile et Aline Mayrisch (21. Januar 2016)
  6. anlux.public.lu: Dossier de presse: Remise du Prix Emile & Aline Mayrisch (2016)
  7. anlux.public.lu: Remise du « Prix Émile et Aline Mayrisch » - 2020