Agefi Luxembourg ass eng lëtzebuergesch Zeitung iwwer Finanzthemen. Hiren Ënnertitel ass Le journal financier de Luxembourg.

Agefi Luxembourg
Typ Zäitschrëft
Sprooch Englesch,
Franséisch
Éischt Ausgab 1988[1]
Land Lëtzebuerg
Sujeten Finanzen
Editiounshaus Agefi Luxembourg S.A.
Websäit agefi.lu

Si gëtt all Dag an elektronescher Form an eemol de Mount op Pabeier publizéiert. D'Artikele sinn op Franséisch oder op Englesch.

Geschicht änneren

Agefi Luxembourg gouf am September 1988 vum Alfred Sluse vun der belscher Wirtschaftszeitung L'Écho gegrënnt. Et war eng Akiëgesellschaft mat engem Kaptial vu 5 Millioune Lëtzebuerger Frang. D'Joer drop hu sech weider lëtzebuergesch institutionell Aktionären um Kapital bedeelegt.[2][3]

Den Numm Agefi stoung ursprénglech fir "Agence économique et financière". A Frankräich gouf déi schonn 1911 gegrënnt a spéider einfach an L'Agefi ëmbennant. Och haut nach gëtt et eng franséisch Finanzeitung mat deem Numm.

2006 huet den Alfred Sluse seng Bedeelegung verkaaft.[4]

De Sëtz vun der Redaktioun ass an der Industriezon vun der Gemeng Kielen. Zënter 2005 ass den Adelin Remy den Editeur. Bei den Artikelen handelt et sech ëm eng Mëschung aus offizielle Pressecommuniquéen, Kontributioune vu Fräiwëlleger, déi als Manager oder héije Kader an der Lëtzebuerger Wirtschaft schaffen, an Artikele vu groussen internationale Presseagencen.

Eng Pabeierausgab kënnt eelef Mol am Joer eraus, de 7. Kalennerdag vun all Mount ausser am August. Donieft gëtt all Schaffdag eng méi kuerz Ausgab publizéiert, déi per Email (Newsletter) oder Fax un d'Lieser geschéckt gëtt. Agefi Luxembourg kann een am Zeitungsbuttek kafen oder d'Lieser kënne sech abonéieren. Eng Ausgab huet tëscht 45 a 60 Säiten mat Informatiounen zu Wirtschafts- a Finanzplaz Lëtzebuerg.

Referenzen änneren

  1. Profil vun der Zeitung op paperjam.lu
  2. finyear.com: Agefi Luxembourg a vingt ans vum Adelin Remy (18. Dezember 2008)
  3. lecho.be : Décès de notre ancien confrère, Alfred Sluse
  4. agafi.lu: IN MEMORIAM: M. Alfred Sluse (September 2009)