Prümzurlay
Prümzurlay, ass eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz.
Prümzurlay | |
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland | Rheinland-Pfalz |
Krees | Béibreg-Prüm |
Verbandsgemeng | Südeifel |
Awunner | 568 (31. Dezember 2023) |
Fläch | 383 ha |
Héicht | 181 m |
Koordinaten |
49° 52’ 00’’ N 06° 26’ 00’’ O |
Telefonszon | 06523 |
Postcode | 54668 |
Websäit | http://www.pruemzurlay.de |
Se läit am enke Dall vun der Prüm, um Fouss vum Ferschweiler Plateau am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark. D'Prümer Buerg läit 40 m iwwer dem Dall um Bord vun engem Sandsteeplateau.
Geschicht
ännerenD'Uertschaft gouf 798/802 n. Chr. eng éischt Kéier an engem Schenkungsdokument vum Klouschter Iechternach als „Prumia“ ernimmt. Et gëtt ugeholl, datt awer scho vill éischter Leit do gewunnt hunn, wéi Reschter vun enger réimescher Villa an der Géigend, wéi och vun Oppida aus der Zäit vun de Kelten, den Treverer, oder nach vu virdrun am Uertsdeel Prümerburg.
Nieft dem Klouschter Iechternach ass d'Geschicht vun der Uertschaft Prümzurlay och enk mat der Prümer Buerg verbonnen. Aus der Zäit vum fréie Mëttelalter ass ganz wéineg bekannt. Eréischt 1658 geet nees vu „Prum zur Layen“ rieds: Nom Drëssegjärege Krich huet just nach eng männlech Persoun am Duerf gewunnt.
1810 ass flossop am Münsterwald den Hank gerutscht, an et gouf gefaart, datt d'Waasser sech kéint stauen an dann, bei engem Duerchbroch, d'Duerf ewechrappen.[1]
Bei der Ruin vun der Prümer Buerg gouf 1960 d'Vakanzekolonie „Feriendorf Prümerburg“ mat am Ganzen 148 Chalete gebaut. Et war dat déi éischt Vakanzekolonie vun där Zort an Däitschland.[2]
Den Numm „Prümzurlay“ kënnt vum Floss Prüm a vum Wuert "Lay" (Lee), d'Lias-Sandsteefielse ronderëm. Schreifweise vum Numm uechtert d'Geschicht waren ë. a. „Proeme zur Leyen“ a "Prume sur Leyen“
Kuckeswäertes
änneren- D'Teufelsschlucht um Bord vum Ferschweiler Plateau, westlech vun der Uertschaft.
- d'Ruin vun der Prümer Buerg.
Um Spaweck
ännerenCommons: Prümzurlay – Biller, Videoen oder Audiodateien |