De Ferschweiler Plateau, op deem ënner anerem d'Uertschafte Ferschweiler an Ernzen leien, ass en Héichplateau an der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz. Landschaftlech zielt en zu der Südäifel; geologesch gesinn läit en um Lëtzebuerger Sandsteen (Hettangien) an ass souzesoen de Pendant zu der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz déi Säit der Sauer.

Ferschweiler Plateau
D'Fraubillenkreuz
Land Däitschland
Koordinaten 49°51'20,9"N, 6°24'32,0"O
Dimensiounen
Fläch 8.700 ha
Markant Plazen Fraubillenkreuz
Flëss Enz - Sauer - Prüm

De Ferschweiler Plateau ass besonnesch bekannt fir seng sëllegen neolithesch Plazen. Zu de remarkabelsten zielen dat sougenannt Fraubillenkreuz, e Megalith, dee 4,50 m héich war an der So no vum Missionnaire Willibrord selwer an e Kräiz ëmgemeesselt gouf (dat haut just nach 3,5 m grouss ass), souwéi de Langstein an den Druidesteen.

Um Bord vum Plateau ass d'Teufelsschlucht, en imposante Fielsschloff, an och en neolithescht an e gallo-réimescht Griewerfeld.

E groussen Deel vum Plateau sinn FFH-Gebidder an eng Partie gehéiert zum Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark.

Um Spaweck

änneren