Planisphär vum Cantino

D'Planisphär (oder Weltkaart) vum Cantino, och bekannt als Cantino-Planisphär oder Cantino-Weltkaart, ass eng Kaart, déi ëm 1501 entstanen ass, an déi d'Welt, vum Stand vun de portugiseschen Entdeckungen am Osten an am Weste aus, weist. Se gouf nom Alberto Cantino genannt, deen heemlech eng Kopie vun dëser geheim gehalener Kaart maache gelooss hat, fir se 1502, am Opdrag vum Ercole I. d'Este, Herzog vu Ferrara, vu Portugal an Italien ze schmuggelen.

Dem Alberto Cantino seng Planisphär

D'Kaart ass bemierkenswäert, well se déi Deeler vu Brasilen weist, déi just virdru vum portugisesche Séifuerer Pedro Álvares Cabral entdeckt goufen. Doriwer eraus gëtt d'Kaart mat grousser Genauegkeet d'Erkenntnesser vum Christoph Kolumbus senge Reesen an d'Karibik erëm, déi vum Vasco da Gama a méi spéit vum Pedro Álvares Cabral an Ostafrika an an Indien, an och déi vum Gaspar a Miguel Corte-Real (de Jonge vum Entdecker João Vaz Corte-Real) a Grönland an Neifundland. Och d'Linn, déi um Traité vun Tordesillas tëscht Spuenien a Portugal festgehale gouf, fir hir jeweileg Intressegebidder ofzegreznen, ass drop marquéiert. Si ass mat déi éischt Kaart, déi déi verschidde Weltdeeler mat de bis do bekannte Plazen op deene korrekte Breetegraden erëmgëtt.

D'geographesch Informatioune vun der Cantino-Kaart goufen an Italien an d'Caveri-Kaart iwwerdroen, vun där hirersäits ugeholl gëtt, datt se d'Primärquell vum Martin Waldseemüller senger Weltkaart aus dem Joer 1507 war.

D'Kaart ass 218 × 102 cm grouss.[1] Se besteet aus dräi uneneegepaapte Pergamentblieder, ass op der Hand gezeechent a koloréiert. Se gëtt haut an der Biblioteca Estense zu Modena an Italien, versuergt.

Et gëtt e populärwissenschaftleche Roman vum hollänneschen Historiker Gerard Vindt, deen d'Geschicht vun der Kaart an hir machtpolitesch Bedeitung als Sujet huet.

Literatur änneren

  • Ernesto Milano (Verf.), Ministero per i beni culturali, Ufficio centrale per i beni librari e gli istituti culturali, Biblioteca estense e universitaria di Modena (Hrsg.): La carta del Cantino e la rappresentazione della terra nei codici e nei libri a stampa della Biblioteca estense e universitaria. Schriftenreihe: Il giardino delle Esperidi. 1. Il Bulino, Modena 1991.
  • Gérard Vindt: Le planisphère d'Alberto Cantino, Lisbonne 1502. Éd. Autrement Littératures, Paris 1998, ISBN 2-86260-809-2.
  • Guarino Alves d'Oliveira: A costa setentrional do Brasil na carta de navegar de Alberto Cantino: (charta del navigare); exame crítico e paleográfico exornado com o cimélio de Nicolò de Cavéri] para servir à história das viagens de Gaspar de Lemos e Gonçalo Coelho; (1501–1503). Ed. A Fortaleza, Fortaleza (Ceará, Brasil) 1968.
  • Miles Harvey: The Island of Lost Maps: A True Story of Cartographic Crime. Random House, New York 2000 ISBN 0-7679-0826-0.
  • Jorge Nascimento Rodrigues, Tessaleno Devezas: Portugal - O Pioneiro da Globalização. Centro Atlântico, Famalicão (Portugal) 2007, ISBN 978-989-615-042-6.

Um Spaweck änneren

Commons: Cantino map – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Glenn Riedel, Gerald Sammet: Die Welt der Karten: Historische und moderne Kartografie im Dialog. Wissen Media-Verlag, Gütersloh 2008, S. 10-11.