Traité vun Tordesillas

Den Traité vun Tordesillas, ënnerschriwwe 1494 tëscht den deemolege Séimuechte Portugal a Spuenien zu Tordesillas, sollt op Bedreiwe vum Poopst Alexander VI. eng bewaffent Konfrontatioun tëscht deenen zwou kathoulesche Muechte verhënneren, andeems en d'Welt an eng portugisesch an an eng spuenesch Hallschent opgedeelt huet.

De Poopst Alexander VI. op engem Fresko vum Pinturicchio an den Appartamenti Borgia, 1492 - 1495

Portugal wollt domat d'Kontroll vum Séiwee an Indien laanscht d'afrikanesch Küst behalen, speziell goung et dorëms, de profitabelen Handel mat de Gewierzer am pazifesche Raum ze sécheren an d'Afrika-Route fräi vu spueneschen Aflëss ze halen. Spuenien dogéint wollt sech d'Kontroll an d'Rechter iwwer déi viru kuerzem vum Christoph Kolumbus enteckte Länner am Weste sécheren.

Scho 1481 waren an der peepstlecher Bulle Aeterni regis all Gebidder südlech vun de Kanaresch Inselen de Portugisen zougeséchert ginn. Am Mee 1493 huet de Poopst Alexander VI. (Rodrigo Borgia) an der Bulle Inter caetera eng Trennlinn festgeluecht, déi bei 100 Leguas (zirka 480 km) westlech vun de Kapverdeschen Inselen an Nord-Süd Richtung vu Pol zu Pol durch den Atlanteschen Ozean verlaf ass. Alle Territoiren, déi westlech vun där Linn (bei zirka 38°W) louchen (Amerika), goungen un d'spuenesch Kroun, all Gebidder ëstlech dovun (Afrika an Asien) goungen un d'Portugisen. Dogéint hat de portugisesche Kinnek João II. Asproch erhuewen. No zéie Verhandlungen ass et de Portugisen ënner hirem Verhandlungsféierer, dem Geograph, Astronom a Séifuerer Duarte Pacheco Pereira, gelongen, dës Linn op 370 spuenesch Leguas (zirka 1770 km) westlech vun de Kapverdeschen Inselen ze verréckelen. Dës nei Grenzlinn huet enger Längt vu 46° 37' West entsprach, an huet de Portugisen et spéider erlaabt, d'Gebidder vu Brasilien, déi ëstlech vun dëser Linn louchen, ze koloniséieren. Den Traité vun Tordesillas gouf de 7. Juni 1494 ofgeschloss, an den 2. Juli vu Spuenien, an de 5. September vu Portugal ratifizéiert.

Südamerika ëm 1650

Méiglecherweis waren de Portugise schonn Deeler vum Verlaf vun der brasilianescher Küst bekannt, an hunn dowéinst d'Réckele vun der Trennungslinn gefuerdert.

De Wuertlaut vum Traité gouf no de jeeweilegen Interessen ënnerschiddlech interpretéiert. E wichtege Sträitpunkt war, ob de Miesspunkt op der ëstlechster oder der westlechster vun de Kapverdeschen Insele louch (zirka 60 Leguas respektiv 290 km Ënnerscheed). Doriwwer eraus hat d'spuenesch Legua eng aner Längt wéi déi portugisech, déi een en plus nach an eng al an an eng nei Legua ënnerdele konnt.

Déi zwee Länner hunn zum Beispill d'Molukken (wichteg Gewierzinselen) beusprocht. No neie Verhandlunge gouf am Traité vu Saragossa 1529 festgeluecht, datt d'Trennlinn 297,5 Leguas westlech vun de Molukke verlafe géif.

Doriwwer eraus versteet et sech scho bal vum selwen, datt aner grouss Séimuechte wéi England, Frankräich oder Holland dësen Traité net unerkannt hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Traité vun Tordesillas – Biller, Videoen oder Audiodateien