Pôle Nord (Stad Lëtzebuerg)

Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pôle Nord an der Stad Lëtzebuerg war e fréieren Theater- a Festsall mat Brasserie an Hotel.

De Pôle Nord (ganz lénks) op enger Foto vun 1971.

Et stoung op der Bréisseler Plaz, um Eck mam Boulevard Royal an der Avenue Marie-Thérèse.

Geschicht änneren

D'Gebai gouf 1911 vum Lëtzebuerger Architekt Jean-Pierre Koenig am historizistesche Stil gebaut.[1]

Theater- a Variétésall änneren

Duerno änneren

 
De Pôle Nord haut.

Wéi et jorelaang eidel stoung, huet d'Associatioun Stoppt de Bagger den 2.8.1988 eng Demande beim Kulturminister Robert Krieps gemaach, fir datt d'Gebai klasséiert sollt ginn. De Proprietär, d'Republic National Bank of New York, huet Appel dergéint gemaach. D'Gebai gouf awer op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter opgeholl, mä schonn 1990 vum neie Kulturminister Jacques Santer nees erofgeholl. Do dergéint hunn de Mouvement écologique, Jeunes et patrimoine a Stoppt de Bagger an engem oppene Bréif protestéiert, mam Resultat, datt d'Gebai de 26. Juni 1990 nees op d'Lëscht vum Inventraire supplémentaire ageschriwwe gouf. 1991 huet d'Stad Lëtzebuerg d'Fassad vum Gebai ënner Denkmalschutz gesat. Mä 15 Joer laang ass näischt um Gebai gemaach ginn. Et ass delabréiert, a gouf nees vum Inventaire supplémentaire gestrach. Am Mee 2005 huet de Buergermeeschter Paul Helminger d'Autorisatioun ginn, d'Gebai ofzerappen.[1]

Et gouf 2006 ofgerappt a mat engem Bürosgebai fir d'Invik Bank Luxembourg ersat.

Literatur änneren

  • Weydert, Marcel, 2005. Ein steinerner Zeitzeuge, vom Hotel Brosius zum Pôle Nord. S.11-12 in: Lëtzebuerger Journal Nr.96, 2005.
  • Scuto, Denis, 1995. Survivre en plein champ de bataille. S.53-57 in: Lorang, Antoinette & Scuto, Denis, 1995. La maison d'en face - Das Haus nebenan. Éditions Le Phare.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Kulturelle Identität braucht Demokratie: Die Problematik des Denkmalschutzes in Luxemburg." En Dossier vum Mouvement Ecologique. In: de kéisécker 3-06, hei: S.16.