Rue du Fort-Wallis
D'Rue du Fort Wallis ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vum Boulevard d'Avranches aus no Süde bis bei d'Rue Bender (am Osten) an d'Bouneweger Strooss (am Westen).
Numm | fr: Rue du Fort Wallis |
---|---|
Fréieren Numm | fr: bis 1945: Rue Wallis[1] |
Längt | ca. 160 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | 2214[2] |
Koordinaten |
49° 36’ 14.5’’ N 06° 08’ 04.7’’ O |
An der Verlängerung vun der Wallis-Strooss ass eng dräieckeg Plaz, d'Place Wallis.
Geschicht
ännerenWéi no 1867 d'Festung geschleeft gouf, ass d'Strooss op engem ale Festungswierk um Gebitt vum Verluerekascht ugeluecht ginn.
Den Numm vun der Strooss geet zeréck op de Fort Wallis deen am Ufank just als Reduit an duerno (1830) a senger endgülteger Form gebaut gouf, ier en dunn 1867 bei der Schleefung ofgerappt gouf. De Fort gouf sengersäits nom Franz-Paul von Wallis (1677-1737) genannt, dee vu 1727 bis 1734 ënner éisträichescher Herrschaft, Gouverneur vu Lëtzebuerg war.
D'Strooss, déi am Ufank (vun 1889 un) Rue Wallis geheescht huet, krut 1945 hiren haitegen Numm (Rue du Fort Wallis); d'Plaz heescht awer weiderhi just Place Wallis (ouni „Fort“ am Odonym)[3].
Gebaier
ännerenBiller
änneren-
Op der Wallis-Plaz
-
Vue an d'Wallis-Strooss
-
D'Mathis Prost Gebai am Ëmbau an der Wallis-Strooss
-
Agang Fort Wallis
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Rue du Fort-Wallis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ „Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
- ↑ nëmme fir d'Strooss; d'Plaz huet keen eegene Postcode, d'Haiser hunn d'Nummere vun der Rue de Bonnevoie
- ↑ Fanny Beck, 2010. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 95: 55