Fondation de Luxembourg

D'Fondation de Luxembourg ass eng lëtzebuergesch Stëftung déi sech d'Zil ginn huet philanthropesch Initiativen an Europa an och weltwäit ze fërderen, dat an de Beräicher vun der Gesondheet, der Fuerschung, der Aarmutsbekämpfung, der Biodiversitéit, dem Klimawiessel an der Erzéiung.[1]

D'Fondatioun de Luxembourg vermëttelt tëscht potentiellen Donateuren an ausgewielte philanthropeschen Organisatiounen.

An der Praxis besteet d'Aarbecht vun der Fondation de Luxembourg doran[1]

  • potentiellen Donateuren, déi jee an enger eegener philanthropescher Stëftung engagéiert sinn, ausgewielt Projeten ze proposéieren an hinne bei der Evaluatioun vun deene Projeten ze hëllefen
  • philantropesch Stëftungen ënner hirem Schierm ze gruppéieren.

D'Fondation de Luxembourg gouf 2008 vum Lëtzebuerger Staat zesumme mat der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte gegrënnt. Enn 2018 betreit se 75 Fondatiounen, mat engem Gesamtkapital vu ronn 140 Milliounen Euro.[2] (Enn 2012 waren et 29 Fondatiounen[1]). Bis 2018 goufen am Ganzen 28 Milliounen Euro ausgeschott.[2]

D'Fondation de Luxembourg ass Member vun Transnational Giving Europe[1].

Vun 2008 bis 2014 war de Luc Frieden hire President, zënterhier ass et de Pierre Gramegna.

Historique änneren

Den 22. Mee 2008 huet de Premierminister Jean-Claude Juncker d'Grënnung vun der Fondation de Luxembourg a senger Déclaration sur l'État de la nation annoncéiert. No hirer Grënnung am Joer 2008 huet d'Fondatioun am Juli 2009 hir Aarbecht opgeholl, andeems s'eng éischt Fondatioun ënner hire Schierm geholl huet.

Zuelen änneren

Enn 2012[1]: d'Fondatiounen ënner dem Schierm vun der Fondation de Luxembourg

Affiliéiert Fondatiounen änneren

Stand Enn 2012[1]

  • Akuo Foundation
  • Atoz Foundation
  • Fondation Auxilium
  • Fondation Campine vivante
  • The C. Ehrenrooth Foundation
  • CVC Capital Partners Foundation
  • Education and Integration for all Foundation
  • Fondation Eté
  • Fondation Enovos
  • Fondation Christine Tesch-Goblet d'Alviella appelée La Violette
  • Fondation Lily & Francy
  • Fondation Linckels-Voss
  • Fondation Maor Ben Zion
  • The Mangrove Foundation
  • Fondationn Marienburg
  • The Micah 6:8 Foundatiohn
  • Fondation Notre-Dame
  • Fondation du Pélican de Mie et Pierre Hippert-Faber
  • Fondation Olivier
  • Fondation Pax Christi
  • Fondation Tremplin
  • Stiftung Pflanzen für Menschen
  • Stiftung für europäische Bildung und Kultur
  • Synshandicappedes Motionsfond

An nach 5 Fondatiounen déi eréischt nom Doud vun hire Grënner aktiv ginn.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Fondation de Luxembourg. Rapport annuel 12, 42 S.
  2. 2,0 2,1 d'Lëtzebuerger Land, Nr. 39 vum 28. September 2018, S. 32