Pierre Medawar

franséischen Industriellen a Geschäftsman
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pierre Medawar, gebuer 1916 zu Vichy a gestuerwen 1966, war e franséischen Industriellen a Geschäftsmann.

Pierre Medawar
Gebuer 1916
Vichy
Gestuerwen 1966
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Industriellen, Geschäftspersoun
En Tirfor, Modell T25.
En Tirfor am Lëtzebuerg City Museum

Hien huet de 5. Juni 1948[1], zesumme mam Jacques Arizzoli, zu Lëtzebuerg d'Firma Secalt gegrënnt. Den Zweck vun der Firma war fir den Tirfor ze produzéieren. Dat ass en Handseelzuch, fir deen d'Patent de 5. September 1945 vum Simon Faure a Frankräich ugemellt gi war. De Medawar hat d'Patent uganks fir Däitschland an de Benelux kaaft.

Déi éischt Stécker fir den Tirfor goufen an den Atelieren Tanson am Gronn an Neo-Luma op der Polvermillen fabrizéiert an an der fréierer Händschefabrick am Gronn zesummegesat. Déi dräi éischt Tirfore goufen op der Foire internationale am Juni / Juli 1948 virgestallt. 1949 huet Secalt sech an an der fréierer Kottengsspënnerei Kuborn op der Polvermillen installéiert.

Méi spéit goufe vill Duechterfirme vun der Secalt am Ausland gegrënnt, dorënner déi däitsch Greifzug GmbH an d'amerikanesch Griphoist Inc. Déi Betriber gehéiere mëttlerweil alleguer zur internationaler Tractel-Grupp mat Sëtz zu Lëtzebuerg[2].

2016 ass Secalt op Féiz geplënnert an d'Gebaier op der Polvermille goufen ofgerappt.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Mémorial 57 vum 11. August 1948
  2. B4179 Tractel Secalt S.A. op lbr.lu, gekuckt den 12. Abrëll 2020