Pierre Frieden (1837-1902)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Paschtouer Pierre Frieden. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Pierre Frieden (Homonymie).

De Pierre Frieden, gebuer de 25. Februar 1837 zu Éinen[1] a gestuerwen 1902 an den USA, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen. Hie war dofir bekannt, 1869 als Paschtouer vu Maarnech an e Pedophilieskandal verwéckelt gewiescht ze sinn, deen deemools, trotz alle Versich vun der Kierch, en ze vertuschen, an dunn ze minimiséieren, héich Welle geschloen huet.

Pierre Frieden
Gebuer 25. Februar 1837
Éinen
Gestuerwen 1902
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geeschtlechen
Karikatur an der Wäschfra vum 21. Mee 1870: den Abbé Frieden (2. vu riets) gëtt vun engem "Komper" vu Maarnech fortgeleet, fir de Gendaarmen z'entgoen.

Als Geeschtlechen zu Lëtzebuerg änneren

De Frieden war den 30. August 1862 zu Tréier am Doum vum Bëschof Wilhelm Arnoldi ordinéiert ginn.[1],[2] Hien ass doropshin als Kaploun am September 1862 op Nidderpallen[3] an 1863 op Jonglënster[4] geschéckt ginn. Am Juli 1868 gouf de Frieden, deen an der Tëschenzäit Kaploun zu Kaalmes gi war, zum Paschtouer vu Maarnech ernannt.[5]

Am Mee 1869 ass de Parquet vun Dikrech Uschëllegungen nogaangen, déi dem Frieden virgeworf hunn, hien hätt sech u Kanner vu Maarnech vergraff. Dee konnt awer net verhéiert ginn, well e sech duerch d'Bascht gemaach hat.

Op der Titelsäit vum Luxemburger Wort vum 13. Juli 1869 huet de Chefredakter, den Abbé Nicolas Breisdorff, dem Frieden d'Partie gehalen an als onschëllegt Affer vu "Geschwätz" duergestallt. Seng Flucht gouf souguer mat Bibelzitater justifiéiert. Seng Affer do dergéint - Heescheleit an Doléiner - goufen als "verkommen a liddereg" beschriwwen, deenen net ze gleewe wier.[6]

De Frieden, deen offiziell vum 21. Juli 1868 bis de 4. Juli 1869 Paschtouer zu Maarnech war,[7] ass fir d'éischt op Oochen an e Klouschter geflücht, an duerno an d'USA. Sou gouf hien 1870 vun der Cour d'assises par contumace zu liewenslaanger Zwangsaarbecht verurteelt.[8]

"Fir datt de Paschtouer Frieden senger Strof entgoe kéint," schreift de Romain Hilgert a sengem Kommentar zum Renert[9] , "hu seng klerikal Komperen, Kollegen (sic) a Komplizen him eng Par zu New York an duerno zu Baltimore an Amerika verschaaft."

Als Geeschtlechen an Nordamerika änneren

Den 1. August 1869 koum hien an déi nordamerikanesch Missiounen. No New York a Baltimore koum hien an d'Diözes Covington an op Radway, IL. Hie war och ee Joer laang Professer am Seminär zu St. Francis. No enger Ënnerbriechung vun zwee Joer, wéinst senger schwaacher Gesondheet, war hien als Séilsuerger zu Belgium an zu Ashford an der Äerzdiözes Milwaukee aktiv. 1880 gouf hie Rekter vun der Kierch vum hl. Häerz Jesu (Sacred Heart of Jesus) zu St. Francis, Milwaukee County, WI.

Dës biographesch Donnéeë stame vum Nicolas Gonner (1889). Si si spéider vum Paschtouer Alexander Koenig, deen ënner dem Pseudonym "Paul Felix von der Mosel" publizéiert huet, méi oder wéineger wuertwiertlech iwwerholl ginn.[10]

Méiglecherweis stëmme si awer net honnertprozenteg. Sou fënnt een, datt de Reverend Ferdinand Peter Frieden vum September 1876 bis de Mee 1877 an der St. Mary Lake Church (Belgium) aktiv war, awer och nach vum November 1878 bis de Mee 1881, wou hie laut Gonner a Koenig schonn zu St. Francis soll gewiescht sinn.[11] Den 30. November 1880 huet de Frieden zu Belgium den John Klein vun Alsdorf bei Bitburg mat der Margaret Michels bestuet.[12] Enger anerer Quell no wir de "Father Peter Frieden" och 1871 zu Belgium gewiescht, wou hien tëscht 1871 an 1876 verschidde Kanner gedeeft, an no enger kuerzer Ënnerbriechung, am Laf vun 1877 nees do gewierkt hätt.[13]

Kritesch Stëmmen aus Lëtzebuerg änneren

Datt de Frieden esou ouni Weideres an Amerika säin Amt als Priister ausübe konnt, konnt déi lëtzebuergesch Zeitung L'Indépendance luxembourgeoise net verstoen. An am Mäerz 1877 huet si dat an dësem Kommentar zum Ausdrock bruecht:[14]

Le martyr de Marnach, l'abbé Pierre Frieden, condamné par contumace aux travaux forcés à perpétuité pour attentats à la pudeur sur des enfants de moins de 15 ans, a su échapper à l'atteinte de la justice et fonctionne aujourd'hui comme curé en Amérique. Aucun prêtre ne pouvant exercer ses fonctions sans l'autorisation de l'évêque du diocèse qu'il quitte, nous demandons comment cela s'est fait que le monstre de Marnach fonctionne aujourd'hui en Amérique? S'il a obtenu régulièrement l'autorisation, le célébret , nous devons avouer que l'autorité ecclésiastique a assumé une bien lourde responsabilité et qu'elle s'est rendue solidaire des nouveaux exploits de ce prêtre infâme.

De Paschtouer vu Maarnech krut vum Michel Rodange am Renert e literarescht "Denkmal" gesat:

Zu Lëtzebreg ees hunn ech
De Rousekranz gefouert,
An d'Fraen hätte gär mech
Als Heeltem ugerouert.

Du maachen se mech Schéifer
Zu Maarnech op der Strooss,
Do huet dann dack e Lämmche
Mer Läif a Séil gelooss.

A wou ech konnt erdappen
E Bëtschel an em Eck,
Do goung ech mer et schnappen
A schlefen hannert d'Heck.

A koumen d'Baure kloen,
Da sot ech: 't war de Wollef,
A foung een un ze kräischen,
Dann hunn ech alt gehollef.

Op eemol sténken d'Lompen!
'T war duerch en Heeschebouf,
Deen hat méng Grëff a Geste
Gesin, a munnech Prouf.

D'ganz Land war op de Bengen,
D'Néckloshaus an d'Geriichter,
D'Gendaarmen a vill Feeschter
An all déi schro Gesiichter.

Mäi Komper, kuckt, Här Pater,
E frumme brave Krëscht,
Dee koum mech avertéieren:
Du sinn ech dann entwëscht.

Drop huet fir mech mäi Komper
Séng Zeitonk voll geluen.
En hätt, mortjën, mam Schwieren
All Riichter bal bedruen.

E wosst der Saach mech schëlleg
A schwiert, ech wär et net;
Du koumen zwanzeg Lamer,
Déi zeien dat an dët.

Drop gouf ech du veruurtelt
In contumacium; ech duecht:
Dir kënnt mech klibbren,
Sobald ich wiedrum kumm.

De Renert, IV. Gesank, 61-100


Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Nicolas Gonner: Die Luxemburger in der neuen Welt. Illustrierte Neuausg. in 2 Bänden, hrsg. von Jean Ensch, Carlo Hury u. Jean-Claude Muller; unter Mitarbeit von Antoine Gonner u. Liliane Stemper-Brickler. Éditions-Reliures Schortgen, Esch/Alzette 1985, Bd. 1, S. 458.
  2. N. Gonner: Die Luxemburger in der neuen Welt: Beiträge zur Geschichte der Luxemburger, verbunden mit Rathschlägen für luxemburger Auswanderer und einer Karte der Vereinigten Staaten mit den luxemburger Ansiedlungen: Festschrift gelegentlich der fünfjährigen Unabhängigkeit des Großherzogthums Luxemburg. Dubuque: Selbstverlag des Verfassers, Dubuque, Luxemburger Gazette, 1889, S. 382.
  3. Luxemburger Wort, Nr. 151, 26. September 1862, S. 1 (Luxemburg, 24. Sept.).[1]
  4. Luxemburger Wort, Nr. 184, 18. September 1863, S. 2 (Luxemburg, 16. Sept.).[2]
  5. Luxemburger Wort, Nr. 172, 22. Juli 1868, S. 3 (Luxemburg, 21. Jul.)
  6. Luxemburger Wort, Nr. 162, 13. Juli 1869, S.1.
  7. M. Blum, J. Zieser & A. Koenig: Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg. Luxemburg 1930, S. 159.
  8. Marc Thiel: D'Wäschfra. Histoire d'un journal satirique. Éditions forum 1993, S.130-132.
  9. Michel Rodange: Renert, de Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert. Editioun Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 1987, S. 79f.
  10. Alexander Koenig: Berühmte Moselaner aus den Kantonen Grevenmacher und Remich. Neue Mosel-Zeitung (Mich. Braun), Grevenmacher 1920, S. 20.
  11. St. Mary Lake Church, Belgium
  12. Other Klein families
  13. The 100 Year Story of Lake Church, extracted from the Ozaukee Press 1948, by The Rev. Raynor Hausmann, Pastor of St. Mary Parish. [3]
  14. L'Indépendance luxembourgeoise 1877-03-06, S. 2 (Interieur)