Belgium ass d'Haaptuertschaft vun der Stad Belgium am Ozaukee County am US-amerikanesche Bundesstaat Wisconsin. Se läit am Zentrum vum Stadgebitt an am Joer 2010 hunn 2.245 Leit do gewunnt, an d'Uertschaft ass 1,4 Quadratmeile (6,27 km2) grouss.

Vue no Weste vum Geschäftsquartier aus

Geschichtleches änneren

Déi éischt Siidler déi sech do néiergeloss hate waren Auswanderer vu Lëtzebuerg an aus der haiteger belscher Provënz Lëtzebuerg, dohier och den Numm Belgium.

Déi éischt Awunner hunn an engem Steebroch nieft dem Michigan-Séi, dee ronn 3 km dovun ewech ass, geschafft. Haut ass op där Plaz den Harrington Beach State Park.

Laanscht d'Uertschaft féiert den Highway 32.

Belgium läit ronn 13 km nërdlech vu Port Washington, wou och vill lëtzebuergesch Auswanderer hänke blouwen.

Relatioune mat Lëtzebuerg änneren

Zanter 1987 gëtt zu Belgium all Joer am Summer de Luxembourg Heritage Weekend organiséiert.[1]

2010 gouf zu Belgium de Luxembourg American Cultural Center ageweit. Den Zenter enthält ë. a. e Musée an eng Fuerschungsbibliothéik fir Genealogie a Lëtzebuerger Geschicht.[2]

Literatur änneren

  • Dauphin, T., 2012. Ein Stück Luxemburg in den USA. "Luxembourg Heritage Weekend" im US-Bundesstaat Wisconsin. Luxemburger Wort vum 8. August 2012, S.</ref>

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. T. Dauphin, LW vum 8. August 2012.
  2. Den Zenter gouf an Zesummenaarbecht mat der Luxembourg American Cultural Center Society realiséiert. D'Society gouf 2004 vun amerikanesche Staatsbierger mat lëtzebuergeschen Originnen zesumme mat Leit vu Lëtzebuerg gegrënnt. Cf. T. Dauphin, LW vum 8. August 2012.