Photo-Club Esch

Veräin zu Lëtzebuerg am Beräich vun der Fotografie

De Photo-Club Esch[1] ass ee vun den eelste Veräiner zu Lëtzebuerg am Beräich vun der Fotografie. Zënter den Ufanksjore louch de Fokus op der kënschtlerescher, landschaftlecher a sozialer Fotografie vun Esch-Uelzecht, wéi och dem Minett.

Photo-Club Esch a.s.b.l.
Ofkierzung PCE
Zweck Veräin
Grënnungsdatum 23. Oktober 1919
Memberen 86 (Stand Januar 2024)
Sëtz 1 Resistenzplaz 4041 Esch-Uelzecht Lëtzebuerg
President Jan Guth
Vizepresident Paul Wadlé
Generalsekretär Marcel Braun
Keessjee Paul Wadlé
Member vu(n) Fédération luxembourgeoise de la photographie artistique
Websäit pce.lu

Grënnung änneren

Déi éischt noweisbar Grënnung vum Photo-Club Esch war den 23. Oktober 1919 zu Esch-Uelzecht[2][3]. Enn Oktober 1919 hat de Veräin schonn iwwer 80 Memberen[4]. 1934 ass de Veräin nach eemol mat offizielle Statuten an der Referenz op dat passend Gesetz zu den ASBLen als offizielle Veräi verankert ginn. Et gëtt allerdéngs och vereenzelt Referenzen an den Archive vum Photo-Club Esch déi op Aktivitéiten aus dem Joer 1890 schléisse loossen, an domat de Veräin zum eelste Fotoclub aus dem Land maache géif.

Grënnung vun 1890 änneren

 
D'Titelsäit vum Wanterprogramm 1933 bis 1934, déi ënnert anerem eng kloer Referenz op déi ursprénglech Grënnung vum Club am Joer 1890 deit.

De Photo-Club Esch ass mat grousser Warscheinlechkeet schonns am Joer 1890 gegrënnt ginn, a wär soumat deen eelsten an éischte Fotoclub deen zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn ass. Am Archiv vum Veräi fannen sech nämlech vill verschidde primär Quellen déi dëst beleeën, allerdéngs feelt et nach un externe Referenze fir dës Suppositioun nach méi ze bestäerken.

Dem Joseph Nicéphore Niépce ass et 1826 zu Chalon-sur-Saône – baséierend um generelle Konsens vun der Geschicht vun der Fotografie – gelongen, déi éischt Foto gemaach an och fixéiert kritt ze hunn, sou dass sehautzedaags nach erhale bliwwen ass.

D'Grënnungsjoer 1890 vum Photo-Club Esch gëtt dohier ëmsou méi signifikant, well knapps 64 Joer no der éischter Foto et deemno am Grand-Duché schonns een Zesummeschloss vun Enthusiaste vun der Fotografie ginn hätt. Dëst an enger Zäit wou déi Technik nach zimmlech onbekannt, an de Medium nach als ëmstridde gegollt huet. Zudeem hat Esch-Uelzecht demographesch gesinn éischter eng Aarbechterklass déi dominéiert huet, an déi u sech net direkt déi finanziell Mëttele gehat hätt fir op sou Gidder zeréckgräifen ze kënnen.

Grënnung vun 1919 änneren

 
Éischt Säit vum Comitésbuch mat dem Bericht vun der Generalversammlung vum 23. Oktober 1919.

De Grënnungskommitee vun 1919 huet sech aus dem President Dr. Emile Schwall, dem Vizepresident Eugène Mousset, dem Generalsekretär Mathias Thill, dem Vizegeneralsekretär François Laurent, M. Schleich, der Joffer Zeimes, an dem V. Loesch zesummegesat.

Um Owend vun der Grënnung ware 77 Memberen ageschriwwen, dovunner 5 Jofferen an 72 Hären. D'Beruffsgruppen hunn sech vun Apdikter, Architekten, Beamten, Dokteren, Gendaarmen, Handwierker, Ingenieuren, Polizisten, Professeren, Schoulmeeschter- a Léierinnen, Studenten a Wierten bis nach aanerer gezunn.

D'Memberen[5] déi de Schratt fir d'Grënnung ergraff hate waren:

  • Melle Madelaine Kintzelé
  • Melle Léonie Kintzelé
  • Melle Zeimes
  • Mr Aerts
  • Mr Aerts
  • Melle Clara Lamock (Léierin)
  • Melle Virginie Lamock (Léierin)
  • Mr Sylvain Cerf
  • Mr Mathias Schaaf (Schoulmeeschter)
  • Mr Loesch (Schoulmeeschter)
  • Mr Klein (Beamten)
  • Mr Jean Kieffer (Kleriker)
  • Mr Wagner-Niclou (Schoulmeeschter)
  • Mr Krein (Wiert)
  • Mr Schmarz (Gendaarm)
  • Mr Folscheit (Gendaarm)
  • Dr Henri Origer
  • Dr Bastian
  • Mr Meyer
  • Mr Laurent
  • Mr Flammang
  • Dr Emile Schwall
  • Mr Hoffmann (Wiert)
  • Mr Koetz (Professer)
  • Mr Eugène Mousset (Professer)
  • Mr Camille Sinner
  • Mr Reis (Police Commissaire)
  • Mr René Peck
  • Mr Dauphin
  • Mr Joseph Muller
  • Mr Joseph Heiser
  • Mr Jean-Pierre Kremer
  • Mr Camille Rollinger (Apdikter)
  • Mr Max Feyder (Polizist)
  • Mr Mathias Thill (Schoulmeeschter)
  • Mr Origer (Student)
  • Mr Jean-Pierre Musquar
  • Mr Troquet
  • Mr Albert Offenheim
  • Mr Hartert
  • Mr Biermann
  • Mr Manternach (Professer)
  • Mr André Knepper
  • Mr Bernard Scheibel (Polizist)
  • Mr Chlecq (Gendaarm)
  • Mr Biermann II.
  • Mr Batty Biewer
  • Mr Kettenmeyer
  • Mr Marcel Schleich
  • Mr Schopen (Ingenieur)
  • Mr Roger (Ingenieur)
  • Mr Sinnes
  • Mr Flammang
  • Mr Nilles
  • Mr Tony Crolla
  • Mr Hammerel
  • Mr Wagner (Coiffer)
  • Mr André Origer
  • Mr Jos (Cresto) Theisen
  • Mr Hermann Landerer
  • Mr Nigra
  • Mr François Kelsen
  • Mr Eugène Lemmer
  • Mr Albert Thill (Architekt)
  • Mr Antoine Caffaro
  • Mr Sebasiten Berg
  • Mr Muller
  • Mr Wagner-Moes (Schoulmeeschter)
  • Mr Willems
  • Mr René Mattes
  • Mr Aprato (Zänndokter)
  • Mr Peffer
  • Mr Thill (Schoulmeeschter)
  • Mr Marcel Muller (Zänndokter)
  • Mr Jean-Pierre Walbillig (Zänndokter)
  • Mr Lazare Cerf
  • Mr Heinz

Veräinsgrënnung a Form vun enger Association sans but lucratif am Joer 1934 änneren

Opgrond vun der Initiativ vun 30 Memberen, sinn déi éischt Statute vun der Geschicht vum Photo-Club Esch de 26. Abrëll 1934 um Bezierksgeriicht an der Stad Lëtzebuerg deposéiert ginn.

D'Memberen[6], déi de Schratt fir dës Initiativ ergraff hate, waren:

  • François Laurent (Händler)
  • Joseph Metz (Ingenieur-Constructeur)
  • Louis Ravarani (Wierksaarbechter)
  • Jean Schaack (Privatbeamten)
  • Paul Schrantz (Wierksbeamten)
  • Robert Spoo (Industriellen)
  • Joseph Aberfeld (Wierksaarbechter)
  • Albert Achen (Chef Mineur)
  • Pierre Clees (Wierksbeamten)
  • Pierre Denter (Gemengebeamten)
  • Jean Pierre Fisch (gérant de commerce)
  • Isaac Chrétien (constructeur)
  • Jean Kirpes (Wierksbeamten)
  • François Krebs (Auermécher-Bijoutier)
  • Paul Laurent (Industriellen)
  • René Lemmer (Auermécher)
  • Louis Marnach (Installateur)
  • Lucien Metz (Auermécher)
  • Bernard Nicolay (Wiert)
  • Marcel Palgen (Wierksbeamten)
  • Michel Schroeder (Wiert)
  • Joseph Theisen (Zänndokter)
  • Joseph Thill (Maître-plafonneur)
  • Mathias Thill (Schoulmeeschter)
  • Joseph Walentiny (Architekt)
  • Alfred Blödtner (Schweesser)
  • Rodolphe Kaiser (Auermécher)
  • Pierre Kremer (Huttmaacher)
  • Jean-Baptiste List (Auermécher-Bijoutier)
  • Oscar Pfaff (Dréier)

Zu de méi faméise Memberen vun dëser Initiativ gehéieren de Robert Spoo, Industriellen an Enkel vum Caspar Mathias Spoo[7], an de Joseph Nicolas Theisen[8], Zänndokter a Bouf vum Grënner vun der Escher Bibliothéik, dem Jean-Pierre Theisen.

Veräinslokal änneren

D'Veräinslokal vum Photo-Club Esch huet an der iwwer honnertjäreger Geschicht e puermol gewiesselt. Zënter 1995 ass dem Veräin säin Doheem op der Resistenzplaz ënner der Brillschoul.

 
Entréeë vum Veräinslokal vum Photo-Club Esch op der Resistenzplaz / Brillplaz an der Brillschoul zu Esch-Uelzecht. D'Haaptentrée ass déi riets.
Plaze vum Veräinslokal
Period Plaz
1920 - 1963 Brillschoul
1963 - 1981 Dellhéicht-Schoul
1981 - 1984 Ale Lycée
1984 - 1995 65, Zénon Bernard Strooss
1995 - hautzedags Brillschoul

Faméis Memberen änneren

Zu de méi faméise Memberen vum Photo-Club Esch zielen:

Yves Bassi änneren

 
Den Yves Bassi beim fotograféiere vun engem vu senge leschte grousse fotografesche Projeten, kuerz viru sengem Doud. D'Cigarillo mat Vanills Goût huet als eent vu senge Markenzeeche gegollt.

Fir d'Commemoratioun vum 10. Doudesdag vum Edward Steichen, huet d'Gemeng Réiser ee Concours mam Titel « Concours de photographie Edward Steichen » an dem Thema « Le Roeserbann, Land und Leben » ausgeschriwwen. 1983 huet den Yves Bassi den 1. Präis gewonnen. Den 3. an och de spezielle Präis sinn u Membere vum Photo-Club Esch gaangen.

Den Yves Bassi, genannt Bassi, war véier joerzéngtelaang Member vum Comité vum Photo-Club Esch, wéi och laangjärege Vize-President a Keessjee.

Eng besonnesch Kooperatioun ass et tëschent dem Yves Bassi, dem Marcel Braun, an dem Jupp Rinaldi fir de Projet « Rêves et Cauchemars » ginn. Déi dräi Fotografen hunn een dokumentarfotografesche Projet iwwert an zu Doel realiséiert, an de Photo-Club Esch soumat ee Mol méi op eng international Bün gehuewen.

Norbert Theis änneren

Dem Norbert Theis seng Kollektioun vun iwwert 1.500 Fotoapparaten an Accessoiren (Mëtt 19. Joerhonnert bis an d'spéit 20. Joerhonnert) sinn zum groussen Deel zanter 1992 am Bestand vum Centre national de l'audiovisuel (CNA). Vereenzelt Apparate vun der Kollektioun sinn nach am Besëtz vun dem Photo-Club Esch, wéi och der Famill.

Presidenten änneren

  • 2019 - aktuell: Jan Guth
  • 2014 - 2019: Gérard (Jerry) Thiel
  • 1991 - 2014: Pitt Michl
  • 1976 - 1991: Richard Kmiotek
  • 1968 - 1976: René Van Den Bulcke
  • 1958 - 1968: Pierre Speicher
  • 1934 - 1958: Dr. Joseph Theisen
  • 1933 - 1934: François Laurent
  • 1930 - 1933: Pierre Wagner-Niclou
  • 1922 - 1930: ? Marx
  • 1921 - 1922: ? Hoffmann
  • 1920 - 1921: Dr. Jean-Pierre Waldbillig
  • 1919 - 1920: Dr. Emile Schwall

Éirepresidenten änneren

Salon d'auteurs änneren

De Salon d'auteurs (SA) ass déi alljärlech Ausstellung vun de Membere vum Photo-Club Esch. Den éischte Salon ass 1994 an der Galerie vum Escher Theater ofgehale ginn, an huet zanterdeem den Uert och net méi gewiesselt. Iwwert d'Jore sinn och ëmmer nees national, wéi och international Fotografen invitéiert ginn, wat dem Evenement nach méi Opmierksamkeet am breede Publique bruet huet. Op de Vernissagen eleng, waren alt bis zu iwwert 500 Persoune gezielt ginn, wat de Salon d'auteur zu engem vun de gréissten Evenementer dëser Aart an der Fotografie zu Lëtzebuerg gemaach huet.

Den nationalen Erfolleg ass warscheinlech och op de Kader zeréckzeféieren deen de Salon d'aueurs senge Participanten operleet:

  • eng Serie Fotoen déi zesummenhängend ass, a fotografesch kohärent eng Geschicht (visual narrative) erzielt;
  • Wierker déi soss nach net verëffentlecht gi sinn;
  • Fotoen déi no de Prinzipie vum « fine art printing » musse gedréckt ginn.

D'Installatioune fir d'Wierker auszestelle kënnen sou minimalistesch oder komplex si wéi den Auteur et fir richteg hält, allerdéngs mussen d'Fotoe gedréckt sinn, an net exklusiv digital ausgestallt ginn. Zanter der éischter Iteratioun konnten esou méi wéi 100 verschidde Fotografen hier Wierker dem breede Publique zougänglech maachen.

Salon mondial d'art photographique änneren

 
Cover vum Katalog vum 50. Salon mondial d'art photographique.

De Photo-Club Esch huet weltwäit Unerkennung a Bekanntheet duerch den 1961 lancéierte Salon mondial d'art photographique (SM) kritt. Ee Jury aus nationalen an internationale Memberen huet d'Fotoe jugéiert an déi jeeweileg Laureaten ausgezeechent. An de 50 Joer vun dësem Salon si méi wéi 100.000 Fotoen aus der ganzer Welt op Esch-Uelzecht, geschéckt, evaluéiert, ausgestallt an nees zeréckgeschéckt ginn. 2014 huet de Salon säi 50. Jubiläum gefeiert, a war bis dato och déi leschten Iteratioun vun dësem besonneschen Evenement.

Périodique änneren

De Périodique du Photo-Club Esch, oder ofgekierzt de Périodique, ass ee Magazinn dat 3 Mol d'Joer vum Veräi publizéiert, an och bei bestëmmten Zeitungsbuttiker verkaaft gëtt. De Périodique huet vun 1980 bis 1997 « Bulletin du Photo-Club Esch » geheescht, an huet als ganz einfach, selwer op schwaarz-wäiss gedréckten a gebonne Blieder ugefaangen. Hautzedaags ass et ee vollwäertege Magasinn mat engem Editiorial, enger Säit mat Neiegkeeten an dem aktuellsten Agenda, Virstellung vu Fotografen a Projeten, wéi och weidern Erkläerungen zu bestëmmen Themen.

 
Cover vum Périodique 251 an der neier Opmaachung.

De Périodique gëtt duerch Reklammen, an de Verkaf op Kioske finanzéiert. De Périodique ass ee feste Bestanddeel vun der méi jonker Geschicht vum Veräin. D'Chef Redaktere ware chronologesch de Gérard (Jerry) Thiel, de Yves Bassi, de Marcel Braun, de Yannick Schiltz, de Marcel Braun an de Frank Schroeder. Ënnert dem Frank Schroeder ass et eng komplett nei Ausriichtung, Form an d'Opdeelung gi fir den Inhalt nach méi iwwersiichtlech, modern an uspriechend ze formuléieren.

Galerie Permanente d’Art Photographique änneren

D'Galerie, oder och nach Galerie Permanente d’Art Photographique (GPAP) genannt, am Veräinslokal vum Photo-Club Esch bitt de Memberen, wéi och Invitéen, op méi wéi 25 lafend Meter eng Ausstellungsfläch fir d'Ausstelle vun hire Fotoen an Objeten. Iwwert d'Joren hunn eng sëlleg national, wéi och renomméiert international Fotografen an der hauseegener Galerie ausgestallt.

Eng vun den erfollegräichsten Ausstellunge war « Krich a Fridden: l'ombre de la guerre - la lumière de la paix » am Oktober 2023, déi vum Marcel Braun a Karin Herz initiéiert a koordinéiert ginn ass. D'Fotografen déi zesummen ausgestallt hu waren

  • déi international professionell Fotojournaliste Lyam Bourrouilhou (FR), Tyler Hicks (USA) an Evgeniy Maloletka (UA) mat Fotoen aus dem russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain ;
  • d'Membere vum Photo-Club Esch, Marcel Braun mat Fotoe vu Kierfechter a Symboler vun der Erënnerung un den Zweete Weltkrich, an de Jan Guth mat Fotoe vun de Protestaktiounen zu Lëtzebuerg géint de russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain ;
  • déi ukrainesch Fotokënschtlerin Maryna Rozhko mat Portraite vun ukrainesche Refugiéen, allem virop Kanner ;
  • an de verstuerwenen Escher Fotograf Jean-Pierre Schmitt mat Fotoen aus dem Zweete Weltkrich vun der Occupatioun zu Esch-Uelzecht.
 
De Jan Guth and de Lyam Bourrouilhou um Vernissage vun der Ausstellung Krich a Fridden.

Sämtlech Donen déi iwwert d'Period vun der Ausstellung gesammelt gi sinn, sinn un d'LUkraine a.s.b.l. gespent ginn.

Publikatiounen änneren

Bicher änneren

Periodiquen änneren

Postkaarten änneren

Am Kader vum pedagogesche Projet dokumentarESCH si järlech Sette vu Postkaarte iwwert Esch-Uelzecht a Kooperatioun mat der Escher Bibliothéik, dem Lycée Bel-Val, a Graffiti vum Radio Ara verëffentlecht ginn.

  • Verschéck m'esch! – fantastESCH (2021)
  • Verschéck m'esch! – gigantESCH (2022)
  • Verschéck m'esch! – Die Welt steht Kopf! (2023)
  • Verschéck m'esch! – liewESCH (2024)

Broschüren änneren

  • Centenaire (2021)
  • Krich a Fridden: l'ombre de la guerre - la lumière de la paix (2023)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Photo-Club Esch – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • (en) pce.lu - Internetsäit vum Photo-Club Esch

Referenzen änneren

  1. agedroen als „Photo Club Esch“ ënnert der Nummer F9778 am Handelsregëster (lbr.lu); déi gängeg Schreifweis aus de Statute vun 1934 ass allerdéngs weiderhi „Photo-Club Esch“ (mat Bindestréch)
  2. Für unsere Amateur-Photographen am Escher Tageblatt vum 17. Okt. 1919
  3. Vereine: Photo-Club am Escher Tageblatt vum 22. Okt. 1919
  4. Kleines Feuilleton - Stadtchronik am Escher Tageblatt vum 31. Okt. 1919
  5. Archive vum Photo-Club Esch
  6. Archive vum Photo-Club Esch
  7. Stammbam vum Robert Spoo (luxroots.com a.s.b.l.)
  8. Stammbam vum Joseph Nicolas Theisen (luxroots.com a.s.b.l.)