Eugène Mousset
De (Johann Michel) Eugène Mousset, gebuer de 26. September 1877 zu Esch-Uelzecht[1] an och do gestuerwen de 14. Februar 1941[2], war e lëtzebuergesche Moler.
Eugène Mousset | |
---|---|
Den Eugène Mousset 1938 | |
Gebuer |
26. September 1877 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
14. Februar 1941 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Säi LiewenÄnneren
Den Eugène Mousset gouf zu Esch-Uelzecht op der Nummer 30 an der Groussgaass gebuer, wou säi Papp eng Bäckerei hat. Hien huet zu Karlsruhe, Antwerpen, München a Paräis Konscht studéiert.
Vun 1924 un war hien Zeecheprofesser an der Industrieschoul zu Esch-Uelzecht. Hien huet haaptsächlech Portraiten a Wanterlandschafte gemoolt.
- "Vor allem suche ich die wundervollen "sous-bois" auf, die in unserem Ländchen so häufig sind und die man ähnlich kaum anderswo sieht. So der Ellergrund, den Sie früher gewiss besucht haben, als er noch nicht so entblösst war. Dann die Waldpartien an der Syr und der Hallerbach..."[3]
Säin Haus zu Esch-Uelzecht koum 2001 op den Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.
Éierungen an AuszeechnungenÄnneren
- 1916 Prix Grand-Duc Adolphe vum Cercle artistique de Luxembourg
- 1982 huet d'Lëtzebuerger Post en Timber mat enger Wanterlandschaft vum Mousset erausginn
- Zu Esch-Uelzecht ass d'Strooss Rue Eugène Mousset no him benannt
AusstellungenÄnneren
Vum 22. Oktober bis de 6. November 1977 war a senger Heemechtsstad Esch-Uelzecht an de Foyerë vum Escher Theater eng grouss Ausstellung fir den 100. Gebuertdag vum Kënschtler. 82 Biller vum Mousset, vun deenen déi meescht am Ueleg gemoolt waren, konnten do bewonnert ginn.
Seng Wierker (Auswiel)Änneren
- Ellergronn sous la neige
- L'Alzette à Noertzange
- Ellergronn en hiver
- Sous-bois en automne
- Ellergronn au printemps
LiteraturÄnneren
- Luciano Pagliarini, Laura Caregari: Eugène Mousset: Le Maître d'Esch - Der Escher Meister. Esch-Uelzecht: Éditions Schortgen, 2017. 176 S. ISBN 978-99959-36-54-9.
- Billergalerie
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Eugène Mousset – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Gebuertsakt vun der Escher Gemeng vum 27. September 1877
- ↑ Doudesannonce am Escher Tageblatt vum 15. Februar 1941
- ↑ Atelierbesuch bei dem Meister der Schneelandschaft; Interview vum Mathias Weber mam Eugène Mousset an der A-Z Luxemburger Illustrierte Nr 17 vum 14. Abrëll 1938, S. 4-6