Philippeville

belsch Gemeng

Philippeville (op Wallounesch Flipveye) ass eng belsch Stad an der Provënz Namouer a Wallounien. Se läit um nërdleche Bord vun der natierlecher Géigend Fagne a gëtt och als Haaptstad dervun ugesinn.

Philippeville
Blason ville be Philippeville.svg
Philippeville JPG01.jpg
D'Place d'armes
Land Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Flag of Namur Province.svg Provënz Namouer
Arrondissement Philippeville
Awunner 9.228 (1 Januar 2018)
Fläch 156,71 km²
Koordinaten 50°11'46"N, 4°32'35"O
Telefonszon 071
Postcode 5600
Websäit https://www.philippeville.be

GeographieÄnneren

Philippeville ass eng fréier Festungsstad a läit op engem Plateau op 300 m Héicht, vu wou aus se déi ganz Ëmgéigend konnt iwwerwaachen. En ettlech Baachen hunn hir Quell an der Gemeng déi op der Waasserscheed tëscht der Meuse an der Sambre läit. All d'Baachen déi am Süde vun der Gemeng entsprangen, lafen an den Hermeton a mat deem weider direkt an d'Meuse. Déi nërdlech Baache lafen an d'Eau d'Yves an dann iwwer d'Eau d'Heure an d'Sambre.

D'Stad ass un de Schinneverkéier iwwer d'Gare Philippeville op der Streck Charleroi-Couvin ugeschloss.