Gare Philippeville

belsch Gare

D'Gare Philippeville ass eng belsch Gare um Terrain vun der Gemeng Philippeville déi um P.k. 99.5 vun der Streck Charleroi-Couvin läit. D'Gare déi fréier op der Linn 136B louch, war nodeem déi Streck desaktivéiert gi war, zanter 1962 zou. Wéi 1970 d'Staudämm vun der Eau d'Heure gebaut goufen, huet d'Linn 132 missen ëmgeleet ginn. D'Linnen 136 an 136B goufen dunn als Ersatz benotzt. D'Gare Philippeville ass déi eenzeg Gare vun der aler Streck déi nees opgemaach gouf.

D'Gare Philippeville, Stroossesäit

D'Gare huet ee Quai op deem d'Zich op verschiddene Plazen halen, jee nodeem s'a Richtung Mariembourg oder Walcourt fueren. Dat huet seng Ursaach am Gleisbau. Dat duebelt Gleis op deem d'Zich laanscht enaner fuere kënne geet net iwwer déi ganz Längt vun der Gare.

Déi haiteg Gare ass déi zweet Gare déi zu Philippeville gebaut gouf. Déi éischt stoung eng ronn 1.200 Meter nërdlech dervun an et war am Ufank eng Kappgare déi ganz am bloe Steen gebaut war. Déi Gare besteet haut nach an ass e Wunnhaus ginn. Wéi d'Streck 1908 op Senzeille verlängert gouf, ass déi nei Gare méi no bei d'Stad geréckelt. Dat haitegt Gebai ass en Zillebau vum Typ 1893.

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun   Halt duerno A Richtung
Charleroi Yves-Gomezée   L   Mariembourg Couvin
Charleroi Walcourt   IR r   Mariembourg Couvin

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Philippeville – Biller, Videoen oder Audiodateien