L'amour, oui! mais...

L'amour, oui! mais... ass e lëtzebuergesche franséischsproochege Film, deen 1969 gedréint gouf a seng Lëtzebuerger Première den 11. September 1970 am Ciné Marivaux gefeiert huet. Dem Républicain Lorrain no hätt de Film an nëmmen aacht Deeg 5.000 Spectateuren ugezunn.

L'amour, oui! mais...
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 1970
Première 1970
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Philippe Schneider
Dréibuch Philippe Schneider
Fotografie Charlet Recors
Philippe Schneider
Philippe Théaudière
Musek Friedrich von Flotow
Produzent Philippe Schneider
Schauspiller
Christine Aurel
Katia Bagarri
Charles Berger
Sylvie Bréal
Roland Lesaffre
Philippe Schneider
Sabine Sun
Vera Valmont

Ëm wat geet et am Film?Änneren

De Film erzielt d'Geschicht vun engem Hotelier, dee vun Zäit zu Zäit kuckt, wat seng Clienten an hiren Zëmmere maachen.

TrivialesÄnneren

  • Den Aarbechtstitel vum Film war: Martha et l'amour
  • 1970 ass en ënner dem Titel Love Life in Luxembourg erauskomm
  • De belschen Titel war: L'amour dans la peau
  • Den däitschen Titel: Sekretärinnenreport 2

Kuckt ochÄnneren

QuellenÄnneren