Haaptmenü opmaachen

Den Andrej Babiš, gebuer den 2. September 1954 zu Bratislava, ass e slowakesch-tschechesche Geschäftsmann, Proprietaire vun der Holdinggesellschaft Agrofert (der 4.-gréisster Entrepise vun Tschechien), a Politiker. Hien ass zanter dem 13. Dezember 2017 Ministerpresident vun Tschechien.

Andrej Babiš
Andrej Babis.jpg
Gebuer 2. September 1954
Bratislava
Nationalitéit Tschechesch Republik, Slowakei
Aktivitéit Geschäftspersoun, Politiker, Ekonomist
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Mat engem Verméige vu geschate 4 bis 5 Mrd. Euro ass hien deen zweeträichste Bierger am Land. Hien huet d'Partei ANO 2011 gegrënnt, där hire President en ass ("ANO" heescht "jo", ma ass och en Akronym fir "Aktioun vun onzefriddene Bierger").

Den 29. Januar 2014 gouf hie Vizepremier a Finanzminister an der tschechescher Regierung vum Bohuslav Sobotka; de 24. Mee 2017 gouf hie wéinst Steierbedruch an dem Beaflossue vu Medien ausgetosch. Bei de Parlamentswale vum 20./21. Oktober 2017 gouf seng Partei ANO 2011 mat 29,64 % vun de Stëmmen déi stäerkst Partei am Parlament, an hie den 13. Dezember zum Ministerpresident ernannt.

LiteraturÄnneren

  • Jakub Patočka: »Unternehmerpopulismus«: Der Aufstieg des Andrej Babiš in Tschechien. In: Ernst Hillebrand (Hrsg.): Rechtspopulismus in Europa: Gefahr für die Demokratie? Dietz, Bonn 2015, ISBN 978-3-8012-0467-9, S. 88 ff.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Andrej Babiš – Biller, Videoen oder Audiodateien