Scriptorium

Schreifateliere an Kléischter
(Virugeleet vu(n) Skriptorium)

Scriptorium ginn déi Schreifateliere genannt, déi an der Spéitantikitéit opkoumen a meeschtens a Kléischter ënnerbruecht waren. An hinne goufe sakral an deelweis och profan Texter vun Hand reproduzéiert an duplizéiert.

E Schreiwer an engem Scriptorium (Miracles de Notre Dame, fol. 19; no 1456).

D'Klouschterskriptorien hu virun allem am Fréimëttelater bal nëmme fir hiren eegene Gebrauch, oder awer op Commande, fir en Adlege geschafft. Zanter dem 13. Joerhonnert koumen och biergerlech Schreifatelieren op (z.B. fir de Besoin u Bicher vun den Universitéiten ze decken, déi no an no entstane sinn).

Mat der Etabléierung vum Buchdrock mat beweegleche Lettere gouf d'Kultur vum Skriptorium bal ganz duerch d'Typographeum ofgeléist.

Ëm d'11. Joerhonnert war d'Klouschter Iechternach bekannt fir säi Scriptorium, an deem verschidde Codices geschafe goufen.

Produktiounsschrëtt änneren

 
Selbstportrait vum Illuminator Rufillus (Enn 12. Joerhonnert)

De Commeanditaire vum Buch (Codex) huet festgeluecht, wéi d'Ofschrëft auszegesinn hätt, an huet zum Deel och d´Produktiounsmaterialie wéi Gold oder Pigmenter zur Verfügung gestallt. Wichteg war et fir de Scriptor, eng Virlag ze hunn, fir de Layout an d'Säitenzuel kënnen ofzeschätzen.

Geschriwwe gouf op Pergament. vum 14. Joerhonnert un och op Pabeier. Dorop goufe fir d'éischt Linne gezunn, deenen hir Héicht an Zuel ausgerechent gouf, woubäi och der Zuel vun de Béi - duebel oder véierfach gefaalt - Rechnung gedroe gouf. Da gouf geschriwwen, woubäi d'Plaz fir Initialen (Ufanksbuschtawen) a soss Illustratioune fräi gelooss gouf. Dës goufen an der Reegel duerno vun Zeechner - Rubricator fir d'Initialien an IIlustrator fir d'Molereie genannt - ausgemoolt.

E Buchbënner huet dono dann déi fäerdeg Béi zesummegebitzt a mat engem Aband verbonnen. Grad bei liturgesche Bicher konnten op dësem Aband wäertvoll Materialie verschafft ginn, wéi Edelsteng, Elfebeen versëlwert oder vergolt Relieffer, asw.

Literatur änneren

  • Siegfried Both: Die Schreibstube im Kloster des Mittelalters. Michael Imhof, Petersberg 2007, ISBN 978-3-86568-216-1.
  • Stephanie Hauschild: Skriptorium. Die mittelalterliche Buchwerkstatt. Philipp von Zabern, Darmstadt 2013, ISBN 978-3-8053-4606-1.
  • Katja Rother, Jan H. Sachers: Die Schreibwerkstatt. Schrift und Schreiben im Mittelalter. G-&-S-Verlag, Zirndorf 2009, ISBN 978-3-925698-85-9, (DragonSys – Lebendiges Mittelalter 8).
  • Vera Trost: Skriptorium. Die Buchherstellung im Mittelalter. Belser, Stuttgart 1991, ISBN 3-7630-1212-5.

Um Spaweck änneren

Commons: Scriptorium – Biller, Videoen oder Audiodateien