D'Marguerite "Peggy" Guggenheim, gebuer de 26. August 1898 zu New York, a gestuerwen den 23. Dezember 1979 zu Camposampiero bei Padua, an Italien, war als Autodidaktin eng US-amerikanesch Konschtmäzenin, Sammlerin a Galeristin vun der Konscht vum 20. Joerhonnert.

Peggy Guggenheim
Gebuer 26. August 1898
New York
Gestuerwen 23. Dezember 1979
Nationalitéit USA
Aktivitéit Konschtsammler, Mäzen, Konschthändler, Promi
Famill
Bestuet mat Max Ernst

Hire Papp Benjamin Guggenheim war e räichen Industriellen, hire Monni Solomon R. Guggenheim de Grënner vun der Solomon R. Guggenheim Foundation.

Si ass 1921 op Paräis wunne gaangen, huet do d'Bohème-Liewe genoss a vill Kënschtler a Schrëftsteller kennegeléiert, wéi d'Djuna Barnes, de Marcel Duchamp an de Man Ray. 1922 huet si sech mam franséische Moler a Sculpteur Laurence Vail bestuet, si kruten 2 Kanner. 8 Joer drop goufe se nees gescheet.

Op Rot vum Samuel Beckett hin, mat deem s'am Dezember 1937 eng kuerz Affär hat, huet se zu London eng Galerie fir Avantgarde-Konscht opgemaach, an där se dann och Wierker vum ë. a. Constantin Brâncuși, Georges Braque, Marc Chagall, Salvador Dalí, Marcel Duchamp, Wassily Kandinsky, Piet Mondrian, Wolfgang Paalen a Pablo Picasso ausgestallt huet. 1939 huet d'Galerie nees zougemaach, well se kee Gewënn gemaach huet.

Si goung nees op Paräis an huet do hir Kollektioun séier vergréissert, well wéinst dem Ausbroch vum Zweete Weltkrich vill Leit hir Biller hu misse verkafen. Si huet awer och finanziell den Emergency Rescue Committee ënnerstëtzt, dee Flüchtlinge gehollef huet, aus Frankräich iwwer Marseille fortzekommen, dorënner de Marc Chagall, de Jacques Lipchitz oder de Max Ernst. Si selwer huet 1941 och missen, mat hirer Sammlung, Frankräich verloossen a goung op New York. Do huet si de Max Ernst bestuet.

1942 huet d'Peggy Guggenheim nees eng Galerie opgemaach, d'Art of This Century-Galerie an der 30 West 57th Street, déi gläichzäiteg och e Musée war. Si huet bis dohi wéineg bekannt Kënschtler gefërdert, wéi z. B. den Jackson Pollock. 1946 war et mam Stot mam Max Ernst eriwwer, 1947 mat der Galerie. Si goung hannescht an Europa, dës Kéier op Venedeg.

De Palazzo Venier dei Leoni, wou d'Peggy Guggenheim Collection zu Venedeg dran ass

D'Tate Gallery zu London huet 1965 de gréissten Deel vun hirer Kollektioun ausgestallt. 1969 gouf s'am Solomon R. Guggenheim Museum zu New York ausgestallt. No hirem Doud huet se de Palais an d'Kollektioun der Solomon R. Guggenheim Foundation vermaacht.

Hir Sammlung gëtt zanter 1980 am Palais, ewell Peggy Guggenheim Collection, ausgestallt. Och de Solomon R. Guggenheim Museum zu New York an de Guggenheim-Musée Bilbao hunn Ausstellungsstécker aus hirer Sammlung.

1946 koum hir Autobiographie Out of This Century eraus, déi 1960 iwwerschafft ënnert dem Titel Confessions of an Art Addict nei publizéiert gouf.

Literatur änneren

Sekundärliteratur änneren

  • Mary V. Dearborn: Affairs of the Art. Mistress of Modernism. The Life of Peggy Guggenheim. Houghton Mifflin, 2004, ISBN 0618128069.
  • Susan Davidson, Philip Rylands (Hrsg.): Peggy Guggenheim & Fredrick Kiesler. The Story of Art of This Century (Ausstellungskatalog), Peggy Guggenheim Collection, Venedig 2005, ISBN 0-89207-320-9
  • Laurence Tacou-Rumney: Peggy Guggenheim. Das Leben. Eine Vernissage. Heyne, München 2002, ISBN 3-89910-156-1
  • Francine Prose: Peggy Guggenheim: the shock of the Modern, New Haven, Conn. [u.a.]: Yale University Press, 2015, ISBN 978-0-300-20348-6

Um Spaweck änneren

Commons: Peggy Guggenheim – Biller, Videoen oder Audiodateien