Marcel Duchamp

franséisch-amerikanesche Moler an Objetskënschtler

Den Henri-Robert-Marcel Duchamp, gebuer den 28. Juli 1887 zu Blainville-Crevon a gestuerwen den 2. Oktober 1968 zu Neuilly-sur-Seine, war e franséisch-amerikanesche Moler an Objetskënschtler. Hien ass Matgrënner vun der Konzeptkonscht (concept(ual) art) an huet zum Dadaismus a Surrealismus bäigedroen.

Marcel Duchamp
Gebuertsnumm Henri-Robert-Marcel Duchamp
Gebuer 28. Juli 1887
Blainville-Crevon
Gestuerwen 2. Oktober 1968
Neuilly-sur-Seine
Nationalitéit Frankräich, USA
Educatioun Académie Julian,
Lycée Corneille,
École des Chartes
Aktivitéit Schauspiller, Schachspiller, Moler, Sculpteur, Fotograf, Dichter, Bibliothecaire, Designer, Kënschtler, visuelle Kënschtler, Filmregisseur, Philosoph, Bauzeechner, Graveur
Member vun American Academy of Arts and Letters
Famill
Bestuet mat Teeny Matisse

An den Ufanksjoren huet hie sech mam Impressionismus an Expressionismus auserneegesat an éischt Vezrsich am Kubismus gemaach (z. B. Nu descendant un escalier no.2, dee vum Eadweard Muybridge senger Fotoserie Woman walking downstairs inspiréiert ass, an deen zu New York bei der Armory Show 1913 grousse Succès hat).

Wéi e mam Constantin Brâncuși a mam Fernand Léger am Hierscht 1912 de Salon de l'aviation am Grand Palais zu Paräis besiche war, huet e fonnt, datt d'Molerei ewell um Enn wier, an den Design vun technesche Saachen (z. B. e Probeller) net duerch Molerei z'iwwertreffe wier. Hien huet doroppshin säin éischt Objet trouvé zur Konscht erhuewen, Roue de bicyclette (effektiv e Rad vun engem Vëlo). Et koumen no: Portes-bouteilles (1914, e Gestell, fir eidel Fläschen ofdrëpsen ze loossen) a Fontaine (1917, e Pissoir, den héije Wee gestallt).

Am Juni 1915 goung hien op New York, wou en 1916 mat Aneren d'Society of Independent Artists gegrënnt huet an 1917 mam Henri-Pierre Roché a mam Beatrice Wood déi dadaistesch Publikatioun The Blind Man erausginn huet.

1919 koum en nees op Paräis, wou en d'Membere vum dadaisteschen Dichterzerkel André Breton, de Louis Aragon, de Paul Éluard, de Philippe Soupault an de Jacques Rigaut kennegeléiert huet. En anert bekannt Bild vun him, L.H.O.O.Q., eng Reproduktioun vun der Mona Lisa, där en e Schnurres opgemoolt huet, ass aus där Zäit, sou wéi och Why not Sneeze, Rose Sélavy?, 152 marbers Zockerwierfelen an engem Vullekäfeg.

1936 huet den Duchamp 1936 bei der Ausstellung „Phantastic Art, Dada, Surrealism“, die am Museum of Modern Art zu New York matgemaach. 1938 huet e mam Breton a mam Éluard zu Paräis d'Exposition Internationale du Surréalisme organiséiert, wou en den Haaptsall mat 1200 Kuelesäck, déi um Plaffong houngen, dekoréiert huet. och säi Wierk Rose Sélavy, e weibleche Fënster-Manequin, dee Kleeder vum Duchamp unhat, gouf do ausgestallt.

1942 ass den Duchamp wéinst dem Zweete Weltkrich nees op New York geplënnert, wou en ë. a. mam André Breton an Aneren d'Austellung First Papers of Surrealism an der Whitelaw Reid Mansion organiséiert huet, an an där en aus Ficelle e risege Spaweck installéiert huet. Dat selwecht Joer huet hien de surrealistesche Magazine VVV matgegrënnt.

1952 gouf den Duchamp an de Collège de ’Pataphysique opgeholl, dat 1948 zu Paräis als Hommage un den Alfred Jarry gegrënnt gi war. 1963 huet de Pasadena Art Museum déi éischt Duchamp-Retrospektiv mat 114 Wierker organiséiert. 1964 huet hien op der documenta III zu Kassel matgemaach, an dat joer drop hat hien eng Ausstellung an der Kestner-Gesellschaft zu Hannover. De Musée des Beaux-Arts zu Rouen huet him, a, a,eren, 1967 eng Retrospektiv dediéiert.

Literatur änneren

  • Arturo Schwarz (Hrsg.): The complete Works of Marcel Duchamp. Thames and Hudson, London 1969.
  • Ausstellungskatalog Marcel Duchamp, même. Kestner-Gesellschaft, Hannover 1965.
  • Marcel Duchamp: Die Schriften. Band I. Zu Lebzeiten veröffentlichte Texte. Hrsg. von Serge Stauffer. Regenbogen-Verlag, Zürich 1981.
  • Serge Stauffer: Marcel Duchamp. Interviews und Statements. Gesammelt, übersetzt und annotiert von Serge Stauffer. Hg. von Ulrike Gauss. Stuttgart: Graphische Sammlung Staatsgalerie Stuttgart; Ostfildern-Ruit: Edition Cantz, 1992.
  • Janis Mink: Duchamp. 3. Auflage. Taschen, Köln 2006, ISBN 3-8228-0883-0
  • Herbert Molderings: Marcel Duchamp. Campus, Frankfurt 1987, ISBN 3-88655-178-4
  • Octavio Paz: Nackte Erscheinung. Das Werk von Marcel Duchamp. Suhrkamp, Frankfurt 1991, ISBN 3-518-38333-7
  • Calvin Tomkins: Marcel Duchamp. Eine Biographie. Hanser, München 1999, ISBN 3-446-20110-6

Um Spaweck änneren

Commons: – Biller, Videoen oder Audiodateien