Haaptmenü opmaachen

Musée du LouvreÄnneren

De Musée du Louvre huet en eegenen Artikel: Musée du Louvre

Musée d'OrsayÄnneren

De Musée d'Orsay huet en eegenen Artikel: Musée d'Orsay.

Centre national d'art et de culture Georges-PompidouÄnneren

De Centre Georges Pompidou huet en eegenen Artikel: Centre national d'art et de culture Georges-Pompidou.

Musée national PicassoÄnneren

De Musée national Picasso huet en eegenen Artikel: Musée national Picasso.

Musée national du Moyen ÂgeÄnneren

Am Musée national du Moyen Âge (bis 1980: Musée de Cluny) ass eng grouss Sammlung vu mëttelalterleche Geschirer a Konschtgéigestänn ze fannen. An de Joren 1485 bis 1490 ass de Palais Hôtel de Cluny entstanen. Hie verbënnt verschidde Stilelementer vun der Spéitgotik an der Renaissance. 1842 den Ensembel zum Staatsbesëtz, 1844 ass de Musée opgaangen. Am September 2000 gouf nieft dem Hôtel de Cluny e mëttelalterleche Gaart (jardin médiéval) mat enger Fläch vun zirka 5.000 Quadratmeter ugeluecht.

Grand PalaisÄnneren

De Grand Palais ass no de Pläng vun den Architekten Henri Deglane (1851-1932) an Albert Louvet (1860-1936) gebaut ginn, a war d'Ausstellungshal fir d'Weltausstellung 1900 zu Paräis. En huet eng 240 Meter laang an 20 Meter héich Fassad mat ionesche Sailen. Hei kann ee Konscht- a Billerausstellunge kucke goen. Am Westfligel ass en naturwëssenschaftleche Musée, de Palais de la Découverte, ënnerbruecht, deen zu prakteschen Experimenter alued.

Petit PalaisÄnneren

Gläich vis-à-vis vum Grand Palais (Paräis) steet de Petit Palais, deen zu derselwechter Zäit gebaut ginn ass. Den Architekt war de Charles Girault deen de Palais am Joer 1900 am Stil vun der Belle Epoque als neobarockt Gebai baue gelooss huet. Zanter 1902 sinn am Palais mat senge ville Plafongsmolereien d'Konschtsammlunge vun der Stad ënnerbruecht. D'Fassade vum hallefronne Gebai besti bal nëmmen aus Fënsteren.

Musée du Quai BranlyÄnneren

Als leschte grousse Musée huet den 20. Juni 2006 de Musée du Quai Branly seng Dieren opgemaach, deen déi sougenannten Arts premiers, d. h. d'Konscht aus net-westleche Länner, zum Thema huet, deemno déi aus Afrika, Asien, Ozeanien, Nord- a Südamerika.

De Jean Nouvel gouf 1999 als Architker erausgesicht, de Stéphane Martin ass den Direkter. Am Musée goufen ë. a. d'ethnologesch Sammlunge vum Musée de l'Homme a vum Musée national des arts d'Afrique et d'Océanie zesummegestallt. De Musée setzt sech aus véier Gebaier zesummen, wouvun eent, deem seng Baussefaçade vun uewe bis ënne mat Planze bewues ass.

Um SpaweckÄnneren

  Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.