PGC 29194

elliptesch Zwerggalaxie am Stärebild Antlia

D'Antlia-Zwerggalaxie (Katalogbezeechnung PGC 29194) ass eng elliptesch Zwerggalaxie (Typ dE3) am Stärebild Antlia. Déi nëmme 5500 Liichtjoer grouss Galaxie huet eng Wénkelausdeenung vun 2,0 × 1,5 Bouminutten. Si läit op enger Distanz vu 4,6 Millioune Liichtjoer vun eis ewech an ass ee vun de wäitste Membere vun der Lokaler Grupp. Mat enger Hellegkeet vun nëmme 14,8 mag ass déi Galaxie net mat klengen Teleskopen ze gesinn.
D'Antlia-Zwerggalaxie gouf am Joer 1985 vun den Astronomen Harold G. Corwin, Gérard de Vaucouleurs an Antoinette de Vaucouleurs entdeckt. Eréischt 1997 gouf an engem Bericht déi méiglech Memberschaft zu der lokaler Grupp publizéiert.

Antlia-Zwerggalaxie
PGC 29194
D'Zwerggalaxie Antlia
Stärebild Antlia (Ant)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 10h 04m 03.9s
Deklinatioun - 27° 20' 01"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz dE3
Visuell Magnitude 14,8 mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
(−10,7 ± 0,3) mag
Wénkelduerchmiesser 2′,0 × 1′,5
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Lokal Grupp
Distanz (Lj) 4,6 Mio.
Routverrécklung +0,001208
Radialvitess +362
Absolutten Duerchmiesser 5500
Geschicht
Entdecker Harold G. Corwin
Gérard H. de Vaucouleurs
Antoinette de Vaucouleurs
Entdeckungsdatum 1985
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
AM 1001-270
PGC 29194
SGC 1001.9-2705

Um Spaweck änneren