De Kaukasus (Russesch: Kawkas; Georgesch: კავკასიონი (Kawkasioni); Aseri: Qafqaz) ass den Numm vun dräi, ronn 1100 Kilometer laange, Kette vun héije Bierger, déi vu West-Nordwest no Ost-Südost lafen, tëscht dem Schwarzen an dem Kaspesche Mier.

De Kaukasus
Am Grousse Kaukasus
Politesch Situatioun an der Kaukasus-Regioun

Déi dräi Kette sinn de Grousse Kaukasus, de Klenge Kaukasus an d'Thalischbierger. Héchste Spëtzt ass mat 5.642 Meter de Bierg Elbrus.

De Kaukasus lät op den Territoirë vu Russland, Georgien, Armenien, Aserbaidjan an dem nordëstleche Wutz vun der Tierkei.

Geologie änneren

De Kaukasus ass, wéi d'Alpen, am Tertiär duerch den Drock vun der Afrikanescher Plack (via déi Arabesch) op déi Eurasesch Plack "opgefaalt" ginn. E besteet ë. a. aus Graniten a Gneisen, an et gëtt do och Pëtrol an Äerdgasreserven (geschat bis zu 200 Milliarde Barrel Pëtrol).

Wéinst der Tektonik gëtt et an der Géigend ëmmer nees Äerdbiewen, wéi z. B. dat vum 7. Dezember 1988, bei deem an Armenien 25.000 Mënsche leiebliwwe sinn an iwwer eng hallef Millioun hiert Doheem verluer hunn.

Bevëlkerung änneren

Am Kaukasus liewe ronn 50 Vëlker, (z. B. Biergvëlker, Tscherkessen, Tschetschenen, Russen) déi kaukasesch, indogermanesch an altaesch Sprooche schwätzen.

Länner an ofhängeg Gebidder änneren

Stied änneren

Stied am Kaukasus sinn ënner anerem:

Um Spaweck änneren

Commons: Kaukasus – Biller, Videoen oder Audiodateien