Orchideeën
D'Famill vun den Orchideeën (Orchidaceae) huet méi wéi 25.000 Aarten, opgedeelt an zirka 850 Gattungen, an ass domat, no den Asteraceae, déi zweetgréisst Planzefamill. D'Orchideeë sinn iwwer d'ganz Welt ausser an der Antarktis verbreet, mä et ass an den Trope wou hiren Aarteräichtum am gréissten ass.
Dendrobium-Orchideeën | |
An anere Sproochen |
fr: Orchidées, Orchidacées de: Orchideen, Orchideengewächse |
---|---|
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Liliopsida |
Uerdnung | Asparagales |
Famill | Orchideeën |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Orchidaceae | |
Juss., (1789) | |
Innerhalb vun de Bléieplanzen gehéiere se zu de Monokotyledonen, zu deenen och d'Grieser gehéieren. D'Orchideeë liewen a Symbios mat engem Champignon deen hir Wuerzelen emspënnt a se mat Nierstoffer aus dem Buedem versuergt.
Déi grouss Formen- a Faarwendiversitéit vun den Orchideeëbléien ass entstanen als Upassung un d'Ulackele vu Bestäuberinsekten. Vill vun hire Bléie bilden z. B. eng Landeplaz fir d'Insekten, anerer ginn sou wäit, mat hire Bléieblieder d'Form an d'Fierwung vun engem weiblechen Insekt z'imitéiere fir sou dee betreffende Männchen unzelackelen (z. B. d'Bommel).
Déi ganz Planzefamill krut hiren Numm duerch déi zwou hodefërmeg Wuerzelknolle vun der Gattung Orchis (gr.: ὄρχις „Hoden“).
Kennzeechen
ännerenTrotz deene ville Kennzeechen déi ee bei den Orchideeë gesi kann, gëtt et der nëmme wéineg déi bei hinnen alleguer virkommen. Dat erkläert sech doduerch, datt déi eenzel Gattunge verschidden evolutionär Stadien erreecht hunn.
- Ee Bléieblat (de Labellum) ass vergréissert an an der Form verännert.
- Dat eenzegt am Laf vun der Evolutioun iwwereg gebliwwe Stëbsblat (Staubblatt) ass mat dem Stempel (weiblecht Organ) zu enger Sail verwuess.
- D'Pollebeidele sinn zu engem Pak zesumme gewuess.
- Et gëtt vill ganz klenge Som produzéiert, deen nëmme keime kann, wann e mat engem Champignon verbonne ass.
- D'Orchideeëwuerzel lieft an obligatorescher Symbios mat deem Champignon.
- Wärend der Entwécklung, virun hirer Entfalung, dréint d'Bléi sech ëm 180° (heiannsdo ëm 360°). Dës Dréiung gëtt als Resupinatioun bezeechent.
Wuesstumsformen
ännerenOrchideeë wuessen:
- epiphytesch, op anere Planzen (awer net als Parasit)
- terrestresch, um Buedem
- lithophytesch, op Fielsen oder Steng
Méi wéi d'Hallschent vun den tropeschen Aarte lieft epiphytesch.
Orchideeën zu Lëtzebuerg
ännerenAm Land goufe bis haut 46 Orchideeënaarten nogewisen, wouvun awer 10 ausgestuerwe (†) sinn.
- Aceras anthropophorum, Gehaangene Männchen;
- Anacamptis pyramidalis;
- Cephalanthera damasonium, Bëschvillchen; C. longifolia; C. rubra;
- Coeloglossum viride;
- Cypripedium calceolus †;
- Dactylorhiza fuchsii; D. incarnata; D. maculata, Jongekraut, Kiercheschlëssel; D. majalis, Jongekraut; D. praetermissa †; Dactylorhiza sambucina †;
- Dactylohriza incarnata subsp. cungsii, an der Kiemerchen zu Déifferdeng;[1]
- Epipogium aphyllum, Widerbaart;
- Epipactis atrorubens; E. helleborine; E. leptochila; E. microphylla; E. muelleri; E. palustris; E. purpurata;
- Goodyera repens;
- Gymnadenia conopsea, Jesushand; G. odoratissima;
- Herminium monorchis †;
- Himantoglossum hircinum;
- Limodorum abortivum †;
- Listera ovata;
- Neottia nidus-avis, Vullennascht;
- Ophrys apifera, Bei; O. holosericea, Bommel; O. insectifera, Jëfferchen, Méck; O. sphegodes, Afekapp, Spann;
- Orchis coriophora (=Anteriorchis coriophora) †, O. mascula, O. militaris, Kärzeblumm; O. morio, Kéisblumm; O. palustris †; Kruuchteblumm; O. purpurea; O. simia †; O. tridentata †; O. ustulata †;
- Platanthera bifolia, Kräizblumm; P. chlorantha, Kräizblumm;
- Pseudorchis albida †;
- Spiranthes aestivalis †.
Lëtzebuergesch Orchideeëfuerscher (tropesch Aarten)
änneren- Orchideeën aus Südamerika: Jean Linden (Botaniker), Nicolas Funck, Joseph Schlim.
- Aus Afrika: Edouard Luja.
Literatur
änneren- Mangen, J.-M., G. Colling, J.A. Massard & E. Medernach, 1997. Die Orchideen Luxemburgs. Musée national d'histoire naturelle a Société des naturalistes luxembourgeois. 143 S. Aquarellzeechnunge vum Alan Johnston. (2. geännert Oplo; 1. Oplo 1993). (Mat enger ausféierlecher Bibliographie iwwer d'Erfuerschung vun den Orchideeën zu Lëtzebuerg an och den tropeschen Aarten duerch lëtzebuergesch Botaniker).
- Reichling, L., 1970. Die Gattung Epipactis in Luxemburg. Jahresberichte des naturwissenschaftlichen Vereins Wuppertal 23: 88-97.
- Reichling, L. et al., 1975. Die Orchideen des Deutsch-Luxemburgischen Naturparks. Decheniana 127: 261-262.
- Schlechter, R., 1985-2003. Die Orchideen. 4 Bd. & Regist., Blackwell Verlag, 3. Oplo, iwwerschafft vum Senghas, K.; 1985-2003.
Referenzen
änneren- ↑ G. Freymann: Ein echtes luxemburgisches Gewächs: Umweltministerin besucht einzigartige Orchideenarten im früheren Tagebau “Kiemerchen”. Lëtzebuerger Journal 2016-06-16, S. 17. (Online-Versioun).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Orchideeën (Orchidaceae) – Biller, Videoen oder Audiodateien |