Olympesche Fändel

Deel vun den olympesche Symboler

Den Olympesche Fändel ass eent vun den Olympesche Symboler a gouf 1913 vum Pierre de Coubertin entworf. Et ass e Fändel mat engem wäissen Hannergrond op deem fënnef Réng a verschiddene Faarwen (blo, giel, schwaarz, gréng a rout) drop sinn, déi matenee verbonne sinn.

Den Olympesche Fändel an der kanadescher Provënz British Columbia (2009)…
an op den Olympesche Summerspiller vun Atlanta 1996

Interpretatioun vun de Faarwen

änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Olympesch Réng.

Geschicht

änneren

De Fändel gouf am Joer 1913 vum Pierre de Coubertin entworf a bei Geleeënheet vum 20-järegen Anniversaire vun der olympescher Beweegung um Kongress zu Paräis am Juni 1914 presentéiert. Seng Symbolik ass eng modern Kreatioun a steet net an Zesummenhang mat enger anticker Zeechnung. De Fändel ass awer eréischt 1920 fir d'éischt bei den Antwerpener Spiller opgezu ginn, well d'Spiller 1916 zu Berlin wéinst dem Éischte Weltkrich ausgefall waren.

De Pierre de Coubertin sot iwwer de Fändel[1]:

„Le drapeau olympique, on le sait, est tout blanc avec, au centre, cinq anneaux enlacés : bleu, jaune, noir, vert, rouge ; l’anneau bleu en haut et à gauche à côté de la hampe. Ainsi dessiné, il est symbolique ; il représente les cinq parties du monde unies par l’Olympisme et ses cinq couleurs d’autre part reproduisent celles de tous les drapeaux nationaux qui flottent à travers l’univers de nos jours.“

Pierre de Coubertin

Zeremonie

änneren

Fir d'Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller droen d'Athleeten de Fändel horizontal an de Stadion, ier en dann op eng Fändelsstaang opgezu gëtt. Wéi d'Olympesch Flam, déi wärend de Spiller brennt, flattert de Fändel bis zur Ofschlosszeremonie am Stadion. Da gëtt en erofgeholl an dem Buergermeeschter oder Gouverneur vun der Stad déi déi nächst Spiller organiséiert, iwwerginn. Deen hëlt de Fändel da mat a seng Stad, wou e bis zum Ufank vun den nächste Spiller opgezu ka ginn.

Versiounen vum Fändel

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Olympesche Fändel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Pierre de Coubertin et Norbert Müller (dir.), Comité international olympique, , t. II : Olympisme, Zurich, Weidmann, 1986, 760 p. (ISBN 3-296-18002-8 et 978-3-296-18002-1), p. 470.