Nottingham Forest FC
Nottingham Forest FC (Spëtznimm The Reds a Forest) ass en englesche Foussballveräin zu Nottingham. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2023/24 am Football League Championship, der zweethéchster Spillklass am englesche Liga System, dest nodeem si um Enn vun der Saison 2022/23 aus der Football League One ofgestige sinn. De Veräi spillt seng Heemspiller am City Ground Stadion.
![Wope vun Nottingham Forest FC](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/8/8f/Nottingham_forest_badge.gif)
De Veräi gouf 1865 gegrënnt. De Veräin hat seng Glanzzäit an den 1970er and 1980er Joren. 1978 hu si den englesche Championstitel gewonnen, a si hunn 1979 an 1980 den Europapokal vun de Landesmeeschter gewonnen. Donieft hu si 1898 an 1959 den FA Cup gewonnen, an den englesche Ligapokal hu si am Ganze 4-mol gewonnen (1978, 1979, 1989 an 1990).
Um Spaweck
änneren(en) Offiziell Websäit vun Nottingham Forest FC
Commons: Nottingham Forest F.C. – Biller, Videoen oder Audiodateien |