Englesch Foussball Ligen
Déi englesch Foussball Lige sinn no engem Pyramidesystem opgebaut. Déi héchst Spillklass ass d'Premier League. Dorënner kommen de Football League Championship, d'Football League One, d'Football League Two an d'Football Conference, déi all op nationalem Niveau operéieren. Dorënner gëtt a regionalen a lokale Lige gespillt. Am Ganze gëtt et eng 140 Lige mat ëm déi 500 Divisiounen op 24 Niveauen.
Um Enn vun all Saison klëmmt eng bestëmmt Zuel vu Veräiner tëscht den eenzelen Divisiounen op an of. Bis an d'Football League Two (awer deelweis och an den Divisiounen dorënner) gëtt am Prinzip professionell gespillt. Déi iewescht 4 Divisioune ginn aus historesche Grënn als The Football League bezeechent.
Niveau |
Ligen an Divisiounen | |||||
---|---|---|---|---|---|---|
1 |
FA Premier League | |||||
2 |
Championship | |||||
3 |
The Football League One | |||||
4 |
The Football League Two | |||||
5 |
Conference National | |||||
6 |
Football Conference North |
Football Conference South | ||||
7 |
Northern Premier League Premier Division |
Southern Football League Premier Division |
Isthmian League Premier Division | |||
8 |
Northern Premier League Division One North |
Northern Premier League Division One South |
Southern Football League Division One Midlands |
Southern Football League Division One South & West |
Isthmian League Division One North |
Isthmian League Division One South |