Sylvie Hülsemann

lëtzebuergesch Sportlerin

Sylvie Hülsemann, gebuer den 8. September 1944 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Sportlerin, bekannt duerch hir Performancen am Waasserschi.

Sylvie Hülsemann
Gebuer 8. September 1944
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Famill
Papp Félix Hulsemann

Sportlech Karriär änneren

D'Sylvie Hülsemann huet schonn als Kand vu 7-8 Joer mam Waasserschi ugefaangen. Ausléiser dofir war eng Vakanz zu Locarno, wou se mat hiren Elteren Waasserschileefer konnt nokucken. Si huet am Ufank nëmmen am familiären Ëmfeld op der Musel geüübt, wéi hire Papp awer gesinn huet, datt bei hir méi dra wier, huet e méi e staarkt Motorboot kaaft fir besser Trainingsméiglechkeeten ze hunn.

1957 huet si fir d'éischt bei engem internationale Concours zu Juan-les-Pins matgemaach, ausser Konkurrenz, well et zu Lëtzebuerg deemools nach keng Federatioun gouf fir dee Sport. Déi gouf dunn awer e wéineg méi spéit gegrënnt.

1958 huet si bei der Europameeschterschaft, och zu Juan-les-Pins, matgemaach, an 1959 gouf si op der Weltmeeschterschaft zu Mailand déi Sechst am Figurelaf.

Mat 16 Joer ass si 1961 zu Long Beach a Kalifornien Weltmeeschterin am Waasserschi ginn. Zwou Woche virdru war si schonn zu Banolas a Spuenien Europameeschterin ginn. Si war déi zweet Fra, déi de Weltchampionnat gewonnen huet, an an den dräi Disziplinnen eng Medail krut, eng Goldmedail bei den Tricken, eng Sëlwermedail am Sprangen an eng Bronzemedail am Slalom. Vu Surfers Paradise huet si 1965 bei de Weltmeeschterschaften nach eng Kéier eng Sëlwermedail an der Kategorie "Tricken" mat op Lëtzebuerg geholl.

Bannent 18 Joer huet si aachtmol bei de Weltmeeschterschafte matgemaach (1959, 1961, 1963, 1965, 1967, 1971, 1975, 1977). Am ganze krut si dobäi zwou Gold-, dräi Sëlwer- an eng Bronzemedailen.

Dräimol gouf si Europameeschterin am Generalklassement, 1961, 1966 an 1968. Am ganze krut si bei Europameeschterschaften néng Gold-, sechs Sëlwer- an eelef Bronzemedailen.

1972 huet si bei der Olympiad zu Kiel matgemaach, woubäi se déi Véiert beim Tricklaf gouf. Deemools war Waasserschi bei der Olympiad nëmmen en Demonstratiounssport.

Hire leschten internationale Concours war 1979 zu Malines.

Wärend 23 Joer an der internationaler Kompetitioun huet si méi wéi 90-mol gewonnen, 60-mol koum se op déi zweet an 30-mol op déi drëtt Plaz. Tëscht 1959 an 1978 war si 18-mol lëtzebuergesch Landesmeeschterin a si hält bis haut nach all national Rekorder.

Dräimol gouf si zu Lëtzebuerg zur Sportlerin vum Joer gewielt, 1961, wéi et nach keng separat Kategorie fir Frae gouf, 1966, als éischt Fra an der neier Kategorie fir Fraen, an 1968.

1997 gouf si an d'Hall of Fame vun der internationaler Waasserschifederatioun opgeholl.

Famill änneren

D'Sylvie Hülsemann ass d'Duechter vum Moler an Zeecheprofesser Félix Hülsemann, dee si bei hirer Sportlercarrière mat alle Mëttelen ënnerstëtzt huet. Si huet sech mam Peter Gutenstein bestuet a krut zwee Kanner.

Parallel zu hirer Sportlercarrière huet si studéiert a gouf Sportsprofesser.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Virdrun   Sportler/Sportlerin vum Joer   Duerno
Josy Stoffel 1961 Norbert Haupert
  Sportlerin vum Joer  
1966 Colette Flesch
Colette Flesch 1968 Annette Berger

Um Spaweck änneren

Commons: Sylvie Hülsemann – Biller, Videoen oder Audiodateien