Roger Bofferding

(Virugeleet vu(n) Boy Bofferding)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Roger (Boy) Bofferding, gebuer de 17. Februar 1934 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche fréiere Liichtathleet a Sportsprofesser. Hie war en ettlechmol lëtzebuergesche Landesmeeschter am Lafen, an huet 1960 un den Olympesche Spiller zu Roum deelgeholl.

Roger Bofferding
Gebuer 17. Februar 1934
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Liichtathleet

Viru senger Pensioun war hie Sportsprofesser am Lycée technique zu Ettelbréck a wunnt och do.

Sportleche Palmarès änneren

Perséinlech Beschtzäiten änneren

  • 100m: 11.1
  • 200m: 22.6
  • 400m: 49.4
  • 800m: 1.55.9
  • 1000m: 2.33.1
  • 400m Hürden: 56.3
  • Wäitsprong: 6m 64

Um Spaweck änneren