Ljudmila Iwanowna Tschernych
D'Ljudmila Iwanowna Tschernych, gebuer den 13. Juni 1935 zu Schuja, Oblast Iwanowo, a gestuerwen den 28. Juli 2017, ass eng russesch Astronomin.
Ljudmila Iwanowna Tschernych | |
---|---|
Gebuer |
13. Juni 1935 Schuja |
Gestuerwen |
28. Juli 2017 Russland |
Nationalitéit | UdSSR, Ukrain, Russland |
Aktivitéit | Astronom |
Famill | |
Bestuet mat | Nikolai Stepanowitsch Tschernych |
1959 hat si hiert Studium an der Staatlecher Pedagogescher Héichschoul vun Irkutsk ofgeschloss. Uschléissend schafft si bis 1963 an engem Laboratoire fir Zäit- a Frequenzmiessungen am All-Union Fuerschungsinstitut fir physikalesch-technesch a radiotechnesch Miessungen zu Irkutsk, wou si astrometresch Observatioune fir den „Zäitdéngscht“ gemaach huet. Vun 1964 bis 1998 war si wëssenschaftlech Mataarbechterin am Institut fir theoreetesch Astronomie an der sowjetesch/russescher Akademie vun de Wëssenschaften a schafft am Krim-Observatoire. Do huet si hire spéidere Mann kennegeléiert, den Astronom Nikolai Stepanowitsch Tschernych, mat deem si zesummegeschafft huet.
D'Tschernych huet 268 Asteroiden entdeckt[1], dorënner (1772) Gagarin, (2807) Karl Marx, (3147) Samantha an den Apollo-Asteroid (2212) Hephaistos.
Zu Éiere vun der Koppel Tschernych gouf den Asteroid no hinnen (2325) Chernykh genannt.