Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Paschtouer respektiv Dechen Nicolas Weirich. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Weirich.

Den Nicolas Weirich, gebuer den 19. September[1] 1885 zu Gouschteng a gestuerwen den 3. Januar 1951 zu Beetebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.[2]

Nicolas Weirich
Gebuer 19. September 1885
Gouschteng
Gestuerwen 3. Januar 1951
Beetebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer, Auteur

Den Nicolas Weirich ass de 26. Juli 1909 an der Stad Lëtzebuerg zum Priister geweit ginn. Dono huet hien zu Berlin an zu Bonn weider studéiert a säi Studium 1913 zu Freiburg im Breisgau mat engem Doktorat ofgeschloss. De Sujet vu senger Dissertatioun war „Ländliches Kredit- und Genossenschaftswesen“. Nach am selwechte Joer gouf hie Vicaire zu Déifferdeng.

Paschtouer am Neiduerf an zu Esch änneren

Vum 27. Mee 1920 u war hie Paschtouer am Neiduerf (Stad Lëtzebuerg), wou hien, wéi et heescht, duerch e klug organiséiert Spuersystem de Leit aus senger Par finanziell Reserve fir déi kommend Krisenzäite verschaaft huet.[3] Vum 4. September 1929 bis den 1. November 1940 war den Nicolas Weirich Paschtouer vun der Sankt-Jousefspar vun Esch-Uelzecht.

D'Evakuatioun vun Esch änneren

Wéi Esch den 10./11. Mee 1940 a Richtung Frankräich evakuéiert gouf, ass den Nic. Weirich zu Esch bliwwen, grad ewéi och de Gemengeconseiller Jules Heisten, deen als rangeelste Conseiller d'Funktioun vum Buergermeeschter, dee mat senge Schäffen Esch verlooss hat, iwwerholl huet.[4] An Esch waren do nach ronn 2.700 Leit, déi den 13. Mee vum däitschen Oberkommando opgefuerdert goufen, Esch direkt a Richtung Zentrum vum Land ze verloossen. De 14. Mee huet de Jules Heisten als ee vun deene Leschten Esch verlooss. Den Nic. Weirich sengersäits hat um eng Auer mëttes nach eeler Leit mat engem Päerdsgespan oftransportéiert a war géint sechs Auer nomëttes nach eng Kéier mat dräi Camionen zeréckkomm, fir Liewensmëttel opzelueden. Hien huet sech an den Deeg a Wochen dono ëm déi vill Escher Leit, déi an de Kanton Klierf evakuéiert gi waren, gekëmmert. Den 28. Juni hunn déi Escher erëm duerfen op Esch zeréckgoen. Ee vun den éischte war de Nic. Weirich, deen den Dag selwer nach mat den evakuéierte Leit vu Klierf, Hengescht, Hëpperdang a Maarnech, ëm déi hie sech bis elo gekëmmert hat, op Esch zeréck gaangen ass.[5]

Deche vu Beetebuerg änneren

Vum November 1940 u war den Nic. Weirich Deche vu Beetebuerg[6] an am Juli 1949 Chanoine honoraire vun der Kathedral.[7] Den Nic. Weirich gouf zu Gouschteng begruewen. Op sengem Graf steet déi laténgesch Inschrift « Suscipiat te Christus qui vocavit te » (Que le Christ qui t'a appelé t'accueille).[8]

Publikatioun änneren

  • Weirich, N., 1914. Das Kredit- und Genossenschaftswesen Belgiens. Nürnberg, B. Hilz, 110 S.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Luxroots; Gemeng Fluessweiler, Gebuertsregëster 1885, Nr. 39. – Flies 1979, S. 664, falsche Gebuertsdatum (15. Juli).
  2. Flies 1979, S. 664; Massard 2018b.
  3. Bausters, Pierre, 2007. Geschichtliche Plauderei über Neudorf-Weimershof. In: Fanfare municipale de Neudorf-Weimershof: 100e Anniversaire : 1907 – 2007, S. 82-83.
  4. Massard 2018a.
  5. Massard 2018b; Flies 1979, S. 784 a 786.
  6. Luxemburger Wort 1940-11-19, S. 4 (Aus dem Minett. Esch-Alzette, 19. Nov.).
  7. Luxemburger Wort 1949-07-21, S. 4 (Aus dem Luxemburger Klerus).
  8. Inscriptions latines. Flaxweiler.