Jules Heisten

lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker

De Jules Joseph Heisten, gebuer den 3. Oktober 1885 zu Esch-Uelzecht an do gestuerwen de 5. Abrëll 1967, war en Escher Geschäftsmann a Lokalpolitiker.

Jules Heisten
Gebuer 3. Oktober 1885
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 5. Abrëll 1967
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun

De Jules Heisten gouf am Abrëll 1919 fir d'éischt an den Escher Gemengerot gewielt, wou e säi Mandat de 7. Mee ugefaangen huet. Vun do u gouf hie reegelméisseg erëmgewielt, an zwar 1920, 1924, 1928 an 1934. Politesch huet hien zu der Rietspartei gehéiert.

Den Heisten war Schäffe vum August 1919 bis Enn 1920 a vum Oktober 1921 bis Enn 1924. Well no de Walen vum Oktober 1934, d'Parteie sech net iwwer en neie Schäfferot eens gi sinn, ass de Jules Heisten am Januar 1935 als rangeelste Conseiller, interimistesche Buergermeeschter, vun Esch ginn, an dat bis den 2. Juli 1935, wéi den Hubert Clément Buergermeeschter ginn ass.

Wéi den Hubert Clément am Mee 1940 a Frankräich evakuéiert gouf an do am Exil bliwwen ass, gouf den Heisten, deen am Land bliwwen a vum 11. Mee u Buergermeeschter ff. war, den 3. Juli 1940 offiziell Buergermeeschter vun Esch. Den 18. Abrëll 1941 gouf hie vum räichsdäitschen Amtsbuergermeeschter, den Pg. Otto Komp, ersat. No der Befreiung vu Lëtzebuerg am September 1944 huet den Heisten säi Mandat am Escher Gemengerot net méi weidergefouert a mat der Politik opgehalen. Bei de Wale vum Oktober 1945 war hien net méi Kandidat.

Literatur änneren