Nicolas Majerus (Politiker)

lëtzebuergesche Kardiolog an CSV-Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Kardiolog Nicolas Majerus. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Majerus.

Den Nicolas Majerus, gebuer den 31. Mee 1923 zu Rammerech a gestuerwen den 22. September 2003 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Kardiolog an CSV-Politiker.[1]

Nicolas Majerus
Gebuer 31. Mee 1923
Gestuerwen 22. September 2003
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Hien huet 1941 säi Studium missen ënnerbrieche well hien net wollt an d'Hitlerjugend antrieden. E bësse méi spéit gouf hien an den Aarbechtsdéngscht an an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert, aus der hien awer 1944 desertéiert ass.

Nom Enn vum Krich huet hien zu Paräis an zu Louvain weiderstudéiert an huet sech duerno zu Esch-Uelzecht als Dokter etabléiert.

Vun 1970 un war hie wärend bal 24 Joer Member vum Escher Gemengerot an 1979 gouf hien als Deputéierte vum Walbezierk Süden an d'Chamber gewielt.

Hie war President vun der Commission de Travail, de la Sécurité Sociale, de la Santé et de la Famille.

Hien hat dräi Kanner, dobäi ass déi bekannt Fotografin Marianne Majerus.

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Artikel iwwer den Nicolas Majerus op csv.lu